Den däitsche Schrëftsteller Stefan Andres ass an der klenger Stad Schweich, direkt nieft Tréier opgewuess. An den 1950er a 1960er Jore war den 1906 gebuerene Schrëftsteller e reegelrechte Bestsellerauteur an Däitschland.
Säin Ufank war awer net esou einfach. Grad 1933 huet de Stefan Andres sech ganz dem Schreiwe gewidmet. Et ware keng gutt Zäite fir e Mënsch, dee mat enger Jüddin bestuet war an esou huet den Andres Däitschland a Richtung Italien verlooss.
E gleewege Mann
De Stefan Andres war e gleewege Mann, säi Chrëschtentum war humanistesch an ondogmatesch gepräägt, wat och a senge Wierker verdäitlecht gëtt.
De Stefan Andres ass 1970 zu Roum gestuerwen, 1984 huet d'Stad Schweich de Stefan-Andres-Präis an d'Liewe geruff. De Gedanke vun dëser Auszeechnung ass:
"Literatur deutscher Sprache - gleich aus welcher Nation, Staat oder Land - als einen Beitrag zur europäischen Kultur und politischen Einigung Europas zu fördern und gleichzeitig das Erbe des Dichters Andres zu wahren, damit dessen Person und Werk mit Schweich seit Kindheitstagen her aufs innigste verbunden bleibt."
Kandheetserënnerungen als Haaptsujet
Christoph Hein, Barbara Honigmann, Thomas Hürlimann, Norbert Scheuer fir elo just déi ze nennen, sinn an de vergaangene Joren a Joerzéngten d'Laureatinnen a Laureaten vun deem Präis gewiescht. Dëst Joer ass de Choix vum Jury op de Lëtzebuerger Schrëftsteller Emil Angel gefall, deen 1992 bei Editions Le Phare säin éischt autobiographescht Wierk "E Liewe laang. Eng Kandheetserënnerung" publizéiert huet.
Kandheetserënnerungen an Nokrichszäit sinn dem Emil Angel seng Sujeten an der Literatur, mat engem kritesche Bléck op d'Gesellschaft. Historesch Reportagen, Natur- a Landschaftsbeschreiwungen, Publikatiounen am Lëtzebuerger Land, an de Cahiers Luxembourgeois, dem Lëtzebuerger Wort an der Warte.
Weider huet den Emil Angel d'Passioun vum Jesus Christus nom Matthäus an d'Lëtzebuergescht iwwerdroen.
"Deemools a menger klenger Welt" ass 2022 bei Editions Phi erauskomm.