Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Ech gesi mech als ozeanesche Schrëftsteller"

Literatur

"Ech gesi mech als ozeanesche Schrëftsteller"

Virun Taiwan läit déi kleng Insel Lanyu, wou d'Urbevëlkerung vun den Tao lieft. Do kënnt och de Schrëftsteller Syaman Rapongan hir. Senge Leit a sech huet hien eng literaresch Existenz ginn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Vun enger klenger Insel aus ass de Bléck en aneren. Et kuckt ee virun allem eraus, op d'Onendlechkeet vum Ozean. An dee Bléck formt dann och d'Virstellungswelt an den Alldag vun de Mënschen.

D'Schicksal vu klengen ethnesche Gruppe pendelt meeschtens tëschent dem Erhale vun Traditiounen an der Upassung un d'Kultur vun der dominanter Ethnie. Net anescht ass et mat den Tao, déi op enger klenger Insel virun Taiwan liewen.

Iwwer hiert konfliktuellt Verhältnes mat den Han-Chineesen erzielt deen 1957 gebuerene Syaman Rapongan. Hien ass ee vun de rare Schrëftsteller, déi déi taiwaneesesch Urbevëlkerungen ervir bruecht hunn. Fir datt seng Stëmm dobausse gehéiert ka ginn, schreift hien op Chineesesch, wat net seng Mammesprooch ass.

E Mann, dee säin eegene Wee wollt goen

A sengem autobiographesche Roman "Les Yeux de l'océan" (Ed. L'Asiathèque) erzielt hien iwwer de politesche Widderstand vun den Tao géint déi dominant Han-Kultur. Gläichzäiteg ass et de Liewensbericht vun engem Mann, dee säin eegene Wee wollt goen.

Um Festival Etonnants voyageurs, Enn Mee zu Saint-Malo, huet de Syaman Rapongan eis vu sengem Liewensparcours a senger schwiereger Emanzipatioun erzielt. Hien huet eis och erkläert, wéi säin ethnesche Grupp de geféierleche geopolitesche Konflikt gesäit, dee sech de Moment tëschent de Rivale China an USA ëm Taiwan zouspëtzt.

Lauschterenplay_arrow