Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Stephen Steinbrink - Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "Wandering Stars" vum Tommy Orange

Buchrezensioun

"Wandering Stars" vum Tommy Orange

Mir liesen eis um radio 100,7 duerch d'Lëscht vun de Bicher, déi fir de Booker Prize nominéiert goufen. Dës Kéier stelle mir eent vir, dat et net op d'Shortlëscht gepackt hat, mee wat trotzdeem immens liesenswäert ass. Et geet ëm Wandering Stars vum Tommy Orange. E Buch, dat eng indigène Famill an Amerika iwwert puer Generatioune begleet. D'Claire Barthelemy huet d'Buch gelies.

auto_stories

5 min

Text: Claire Barthelemy

Wandering Stars handelt vun engem däischtere Kapitel aus der Amerikanesch Geschicht. Et geet ëm déi brutal Verbrieche géint indigène Gemeinschaften, déi ëmbruecht, verschleeft a mësshandelt gi sinn, an ëm den Trauma, deen dobäi vun enger Generatioun op déi nächst weidergedroe gouf. 

Eng Rees an d'Vergaangenheet

Den Tommy Orange ass selwer Member vun den Arapaho- a Cheyenne-Stämm an ass zu Oakland a Kalifornien opgewuess, wou ee groussen Deel vun der Handlung vu Wandering Stars stattfënnt. D’Buch ass gläichzäiteg d’Fortsetzung an de Prequel vu sengem Debut Roman “There There”, deen 2018 op ville Bestseller-Lëschte war.

An dësem Roman erzielt hien d’Geschicht vum Orvil Red Feather, engem Teenager, dee bei engem Powwow - dat ass een indigeent Fest - an enger Schéisserei vun enger Kugel getraff ginn ass. Dës Verletzung an d’Medikamenter, déi hie géint d’Péng verschriwwe krut, veränneren hien a seng ganz Famill. 

Den Orvil reflektéiert vill iwwer seng Identitéit an seng Famill, an do hëlt den Auteur eis mat an d’Vergaangenheet, bei den Orvil Red Feather senge Virfaren.

Ee vun hinnen ass de Bird, deen de Sand Creek Massaker vun 1864 mat vill Chance iwwerlieft huet. Hei haten amerikanesch Zaldote ronn 230 Leit vun de Cheyenne- an Arapaho-Stämm niddergeschoss. De Bird ass dunn als Krichsgefaangenen an e Prison komm, wou ee Militäroffizéier alles dru ginn huet, fir d’Kultur vun den Indigènen ze zerstéieren. “Kill the Indian, Save the Man”: Sou war säi Motto. D’Prisonéier kruten d’Hoer geschnidden, Militäruniformen ugedoen an de chrëschtleche Glawen agedrummt, bis si beemol selwer genau sou ausgesinn hunn, wei déi wäiss Zaldoten, déi hir Famillen ëmbruecht hunn. 

D'Sucht als roude Fuedem

Wei de Bird du schlussendlech aus dem Prison komm ass, ass hien dem Alkohol verfall. Hien huet sech mam Hannah bestuet a mat him ee klenge Jong, den Charles, kritt. D’Famill huet nei Wuerzele gefaang, mee den Trauma ass och viru gaang. De klenge Charles koum an ee brutaalt Internat, wou indigène Kanner kierperlech an och psychologesch mëssbraucht gi sinn. Hien ass schlussendlech dem Opium verfall. 

D’Sucht zitt sech wéi e roude Fuedem duerch d’Geschicht vun der Famill an den Tommy Orange schreift iwwert dëse Problem mat immens vill Matgefill. Hie selwer huet och mat Sucht ze kämpfe gehat. Am engem Interview mam Guardian sot hien, datt et dee Stereotyp géing ginn, datt indigène Leit eng Schwächt fir Alkohol hätten. Dat ze gleewe wier mei einfach, wéi sech domat auserneen ze setzen, firwat dës Leit d’Flucht an de Rausch sichen.

Hannert dem Abus vu Schmäerzmëttel an Alkohol läit och an dëse Geschichten eng Welt vun emotionaler Péng. Oft ka Sucht geierft ginn. Hei ee Passage geschriwwen aus der Vue vum Orvil:

"He had the thought that he was becoming addicted. This wasn't new language. He'd had it used against him for video games and for phones, for screens in general. And he knew he came from addict blood. His mom's brain had been wired wrong, and her parents' brains and their parents' brains all the way back a long descending line of Indian heads figuring it out as best they could. Past family members and the ancestors were constantly sending their blessings and curses down through time from that beyond before, that gave his present its particular bent, its dimness, its light, its scream, and its song, but also its sometimes dead silence."

Generatiounsiwwergräifenden Trauma spillt eng grouss Roll an der indigèner Familljegeschicht. Den Tommy Orange deelt hei oft ganz niewebäi Weisheeten aus, déi derwäert sinn, zweemol ze liesen.

“A bad thing doesn't stop happening to you just because it stops happening to you.” 

Een historesche Roman

Traumatesch Erfarungen erlieft een ëmmer rëm, och wa se laang riwwer sinn, an dat geet och de Personnagen am Buch esou. An engem Beispill zielt de Charles, datt hien de Reen net gären a senger Nuque spiert, well et genau déi Plaz ass, wou ee Mann hien am Internat gewaltsam ugepaakt hat fir säi Gesiicht an de Buedem ze drécken.

D’Famill vum Orvil Red Feather ass duerch forcéiert Assimilatioun, Adoptioun an och Sucht iwwert Generatiounen ëmmer mei kleng ginn. An hien huet doduerch net vill vun der indigèner Identitéit weider kommunizéiert kritt. Et feelen him vill Informatiounen, well eben och vill Familljemembere feelen. Dat huet him och deelweis Scholdgefiller ginn.

“I always felt like we didn't do good enough. That our family line was in some way weak. And yes weakened by the effects of history, colonization, historical trauma. But also not strong enough to pass down the traditions or language successfully. Because we lacked something. I hadn't considered everything that had happened. How far back it'd been happening to us. We come from prisoners of a long war that didn't stop even when it stopped.”

Fir d’Liewe selwer ze genéissen, wéi wäiss Leit et konnten, dofir war keng Zäit bliwwen.

“Surviving wasn't enough. To endure or pass through endurance test after endurance test only ever gave you endurance test passing abilities. Simply lasting was great for a wall, for a fortress, but not for a person.”

E Roman mat villen Zäitspréng

Wandering Stars ass ee Buch, dat senge Lieser net nëmmen indigène Perspektive weist, mee hinnen och Denkustéiss iwwer Trauma, Identitéit a Famill mat op de Wee gëtt. Och sinn aktuell Theemen aus Amerika, wéi d’Opioid-Kris a Waffegewalt, ganz gekonnt an der Geschicht verschafft.

Den Nodeel vun dësem immens breetgefächerte Roman ass, datt déi vill Zäitspréng an déi verschidden Erzieler net ëmmer kloer beschriwwe sinn. Et ass einfach, sech an der Narratioun ze verfänken. 

Mee dat Ganzt et ass den Effort wäert. Den Tommy Orange erzielt authentesch Geschichten iwwert déi amerikanesch Urawunner an hir Nofaren. Geschichten, déi bis viru Kuerzem meeschtens vu wäissen Auteuren erzielt goufen, an eben och oft voller Clichéen an Exotismus waren.  Wandering Stars ass also ze recommandéieren.