Mee an der Erzielung "Ondugen" geet et net ëm dës Partei an hir Idealer an hire Programm. Den Erzieler féiert eis duerch e Land, an deem villes net stëmmt, an deem villes ënner den Teppech gekiert a gläichzäiteg an deem villes zu Gold gemaach gëtt, wat awer ënner der blénkeger Iwwerfläch zimmlech faul an näischtsoend ass.
Latente Rassismus deen negéiert gëtt, Politiker, déi sech esou munches ouni bedeitend Konsequenzen erlabe kënnen, journalistesch Aarbecht, déi den Numm net verdéngt, Nepotismus hanner allen Ecken ...
Ausernanersetzunge mat essentielle Sujeten
Et kann een den Zoustand vu Lëtzebuerg a vun der Welt op allen Niveauen an op vill Manéiere bekloen, et kann een et och esou maache wéi den Auteur, Autorin oder déi ganz Ekipp, déi sech hanner dem Numm Fabio Martone verstoppt: op eng spilleresch, intelligent an aristophanesch Manéier.
An et kann ee farfelu Gedanke benotzen, fir op kloer Realitéiten hinzedeiten.
Wat wier, wann de Victor Hugo Nokommen zu Lëtzebuerg hätt, a wat wier, wann de Goethe der och hätt, a wann déi Nokommen zesummen e perfekte Schrëftsteller oder Schrëftstellerin gezwafft hätten? Eng Nationalliteratin oder Nationalliterat? A wat ass dat iwwerhaapt? Ee wéi de Michel Rodange? A wéi ass d'Liewen an der Uertschaft Rodange?
Hanner all verwurrelt Iddi, déi hei gebuer gouf, steet eng Ausernanersetzung mat essentielle Sujeten. Net didaktesch, mee spëttesch, seriö an awer dacks an d'Absurditéit gedriwwen.
Sujete reeche vun der Lëtzebuerger Kulinarik a Mentalitéit
"Den Owend beim Italieener sollt de Lëtzebuerger berouegen, datt hien nach ëmmer Här a Meeschter a sengem Land wier. Niewebäi kéint hien, dee bis elo haaptsächlech Geträips a Jelli a Kuddelfleck an anert Geschwéngst a sech eragestoppt huet ...”, de Manktem u Bildung: "Well keen am Vis-à-vis dem Jarmusch säi Film gesinn hat, huet och keen d'Uspillung verstanen”, iwwregens huet de literareschen Taxichauffer Fabio Martone dem Jarmusch säin "Night on Earth" och net kannt ...
E weidere Sujet ass d'Ausernanersetzung mat der italieenescher Immigratioun - kuck den Numm vum Auteur a sengem Protagonist a Veräppele vun Auteuren, do fält engem ee bestëmmten direkt an, deenen hiren Dada dëst Theema ass ...
“No wochelaangem Getuddels, Sätz, vun deenen e gemengt huet, den Auteur hätt e ganz perséinlecht Hong mat der Syntax ze rupfen, Metapheren esou schif wéi de Pisatuerm, Vergläicher esou faul, wéi deen, deen ech elo grad gemaach hunn ...”
Jo, där schifer Metaphere sinn der méi dran, mee alles anescht wier och falsch an dëser och sproochlech iwwerraschender Erzielung.
Wéini stéisst ee gläichzäiteg op Wierder an Ausdréck, déi esou veraalt sinn, datt ee se net méi kennt an esou nei, datt een sech nach net kennt?
An och do komme mir vläicht dem Kär vun dësem Text méi no: iergendwéi ass alles dran, wat déi Lëtzebuerger Literatur ausmécht. Et ass eng Dekonstruktioun vum Land, senger Kultur, senger Mentalitéit, a virun allem, senger literarescher Sprooch.
Fabio Martone - e literarescht Konstrukt
Et ass egal, wéi een Numm sech konkret hanner dem Fabio Morante verstoppt, et ass einfach den Amalgam an d'Substanz, wat haut zu Lëtzebuerg geschriwwe gëtt. Et ass "Lëtzebuerger Literaturen - jo, bewosst am Pluriel, ugeleent un der Kufa hir literarescher Veranstaltung.
“Am Theater sti souwisou just Titel a Metteur en scène grouss op der Affiche, de Rescht ass onwichteg, ...” ass zum Schluss vum Buch ze liesen.
"Ondugen" gëtt am Mierscher Theater gespillt, dem Fabio Martone säin Numm ass als éischten op der Affiche ze liesen, kee Wonner ... dat huet de Martone mol erreecht, an datt elo ëm säi fiktiven Numm mat vill béiswëllegen Ënnerstellungen an Interpretatiounen debattéiert gëtt, ouni sech mam Inhalt ze befaassen. Mee dat konforméiert just dat, wat genee an dësem Buch steet.
Also, maacht et wéi ech: Liest dach einfach dës ondugen Erzielung!