De Youssef huet sech als jonke Mann aus dem Marokko dovu gemaach, fir zu Paräis als ënnerbezuelte Proff ze schaffen. Wéi seng Mamm stierft, iwwerhuele seng sechs Schwësteren d’Logistik vum Begriefnis a vum Bezuele vun der Mamm hire Scholden. Als aacht Rad um Won an enger Famill vun néng Kanner waren et ëmmer scho seng Schwësteren, déi alles geschmass hunn, an engem aarme Stot, an deem et virun allem, awer och bal just dat, a grousse Quantitéite gouf: Rapp a Klapp tëschent de Gesëschter.
Entsat sinn déi sechs Schwësteren iwwert dem Youssef seng Entscheedung, seng Heemecht ze verloossen, scho laang net méi. Nawell werfen si hirem homosexuelle Brudder vir, als eenzegen un der leschter Wunneng, déi d’Mamm him verierft huet, ze hänken. Hie soll se dach verkafen, och wann en d’Suen net bräicht, als verwestlechte Marokkaner, dee sécher een Jetset-Liewen an Europa féiert. Dem anere Brudder, dee sech an d’Schwäiz exiléiert huet, werfe se genee de Géigendeel vir. Deen hätt, well seng Fra giereg wier, alles ze séier verkaf.
Zeréck an d'Heemecht
Zéng Joer nom Dout vun der Mamm ass de Youssef dann zeréck a senger Heemecht, der marokkanescher Stat Salé, fir d’Appartement ze verkafen, a muss sech de Geeschter vu senger Vergaangenheet stellen. Alle viraus dem Najib, engem éischte Liibhaber, dee genee wéi hien als jonke marokkanesche Schwule gläichzäiteg ausgegrenzt a vun all den homophoben Typpen, déi en ausgrenzen, vergewaltegt gouf.
Dat huet si eng Zäit laang verbonnen. Bis den Najibb mat engem aflossräiche Kolonell, deen der Arméi vum Kinnek Hassan den Zweete gedéngt huet, zesummekoum. Hien ass zum mächtegen Drogendealer ginn, an huet sech geschwuer, sech u senger Famill an all den Awunner a Vergewalteger aus senger Heemechtsstad ze rächen. Dat andeems en nom Dout vu sengem Liibhaber zeréck a seng Heemecht kéim an do zu enger Zort Philanthrop gëtt. Hue géif mat sengen Drogesuen all Mënsch ënner d’Äerm gräifen. Ausser seng eege Famill, déi hie verroden hätt. Domat géif hien de Respekt viru senger Homosexualitéit erkafen, jo, esouguer hoffen, Akzeptanz an Toleranz duerch de Goss ze kréien.
Realitéit oder Imaginatioun?
Dem Youssef seng Erzielstëmm schrauft seng eege Liewenserfarungen op ee Minimum zeréck, wat seele fir ee Roman an homodiegetescher Erzielung ass an och vläicht en Zeeche vun der Distanzéierung vu westlech-narrativen Normen duerstellt. Amplaz léisst hien an enger polyphoner Erzielung Stëmme mat him schwätzen – Stëmmen, déi hien sech deels virstellt oder erdreemt, wéi wann e mat de Geeschter vu senger Vergaangenheet géif rhetoresch boxen. Dat zum Beispill, wann den Najib him seng Liewensgeschicht no hirer Trennung ergräifend erzielt, awer och méi reell Stëmmen, wéi déi vum Chouer vun de motzege Schwësteren.
Woubäi ka gesot ginn, datt dës choral Stëmmen ëmmer een ontologesch zweiwelhafte Statut hunn – et weess een ni genee, esou guer wann et een Telefonsgespréich ass, ob de Youssef sech dat alles net just virstellt.
Deels ass de Roman, wann hie sech verdeedegt an am Dialog mat de Geeschter argumentéiert, bal geschriwwe wéi en Theaterstéc. Eng griichesch Tragedie, importéiert an d’21. Joerhonnert an an de Maroc.
Eng einfach Sprooch mat brutale Biller
Wou et am Buch thematesch vill Parallelle mam Kamel Daoud sengem Houris gëtt – d’reliéis Ënnerdréckung, d’Hypokrisie vun engem beim Daoud haaptsächlech misogynen, hei homophobe Land, inkarnéiert an der Figur vun engem “falschen” Imam, ma och d’Gewalt – gëtt et, nieft dem Fait, datt mer eis an engem anere Land befannen, ee groussen Ënnerscheed. Do, wou dem Daoud seng Sproch komplex a räich ass, ass dem Abdellah Taïa seng vun enger Simplicitéit, déi deels scho versteiere kann, dat virun allem an Zeenen, wou déi Einfachheet et net erlaabt, d’Brutalitéit vu sengem Inhalt hannert literarescher Eleganz ze verstoppen. Sou an enger Zeen, an där de Youssef an een Hammam geet an do matkritt, wéi een ale Mann virgëtt, ee klenge Jong ze wäschen, a Wierklechkeet awer am Gaang ass, en ze vergewaltegen.
« A l’aide de son doigt, le vieux va violer cet enfant. Faire de lui son objet sexuel. Tout cela se passe dans un lieu public. Devant les autres qui voient sans voir. Ils savent ce qui se passe mais ils ne disent rien, ils ne bougent pas. Un autre enfant sacrifié. Traumatisé à vie. Tué. Circulez, il n’y a rien à voir. Nous sommes au Maroc. Ici, les enfants appartiennent à tout le monde. »
Eng wichteg Auszeechnung
Duerch seng eege Manéier, ze erzielen an narrativ ze progresséieren huet de Roman kee klassesche Spannungsbou – den Daoud ass do vill méi westlech – wat u sech duerchaus interessant ass, awer mat sech bréngt dass d’Buch um Schluss zimmlech diffus gëtt, dat well seng lescht zwee Kapitele manner intensiv sinn, wéi déi virdrun.
Esou bleift um Schluss ee liicht mitigéierten Androck, dat trotz engem Roman, dee plazeweis immens staark ass. Dass den Taïa nom Daoud sengem Goncourt de Prix Décembre krut, ass awer esou oder esou ee wichtegt Zeechen a weist, dass Frankräich senger Francophonie d’Diren endlech opmécht a sech vu sengem Parisozentrismus lues a lues ewech beweegt.