Radioen

On air

One World  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Pauvres bêtes! - Voyage au coeur de la condition animale

CHARLIE HEBDO ZEECHNERIN COCO BRÉNGT BD ERAUS

Pauvres bêtes! - Voyage au coeur de la condition animale

Pauvres bêtes! - voyage au coeur de la condition animale ass eng BD vun der Corinne Rey, genannt Coco. D’Coco zielt zu de wichtegste satireschen Zeechner:innen a Frankräich. De 7. Januar 2015 hat si déi terroristesch Attack op d’Redaktioun vu Charlie Hebdo iwwerlieft, a schafft weiderhi fir déi polariséierent Zeitung. Charlie Hebdo ass net nëmmen zënter Ufank un antireliéis, och Ëmweltfrëndlechkeet zielt zu hire Wäerter. Iwwert genau dëst Theema geet Pauvres bêtes!

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Wann, sou steet et an der Introduktioun vun der BD, d’Coco net Zeechnerin-Journalistin gi wier, wier si Naturalistin ginn an hätt a Südamerika Seejomesse studéiert an Tapire befrënnt. Mat dëser BD konnt si béides ausliewen.

Am Gonzo-Stil journalistesch dokumentéiert

Pauvres bêtes ass eng Rees duerch déi verschiddenst Liewenskonditioune vun Déieren, déi Associatiounen, déi se beschützen, an déi, déi si a Gefor bréngen. Gewise gi Refugë fir Déieren aus Ziichtungen déi – aus finanziellen oder legale Grënn – zougemaach goufen, mee och d’Erfarunge vun engem All Inclusive Marineland Déierepark Ticket, engem Stéierkampf, e puer Geriichtsaffaire géint den Déiereschutz, Flughafekontrollen, sou wéi d’Innenarchitektur vun engem Luxusjuegdbunker.

Déi Plaze ginn an engem sougenannte Gonzo-Stil journalistesch dokumentéiert. D’Coco sëtzt an der Stéierkampf Arena an zeechent dat, wat si grad gesäit: D’mise à mort vum Stéier an d’Kommentarer vun hirer begeeschterter Nopesch. Marineland Guidë justifiéieren déi kleng Schwämmen, an de Security vum Flughafen erzielt vun de bizarreste Saisië vu senger Karriär: Elfenbeinstatuen, gegrillten Afen, a Rhinozerosharen.

Keng BD, déi witzeg ass

D’Wierder vun de befrote Persoune gi mat de Gedanke vun der Coco zackeg ergänzt. Wann d’Corrida-Nopesch: “Ces taureaux n’existeraient pas si’il n’y avait pas les corridas: ils sont évelés dans des conditions magnifiques,” seet, denkt d’Coco: “Est-ce une raison pour les faire crever atrocement?” Oder d’Coco bewonnert dem Flughafe-Security Mann säin Humor, wann hie beschreift, datt Afen heiansdo gekräizegt Jesus-Posen anhuelen.

Apropos Security: D’Coco gëtt bal ëmmer vun zwee Bodyguarden accompagnéiert. Firwat, gëtt net erkläert, mee si gouf net just 2015 mam Doud menacéiert. D’Begéinung vu Bodyguard an Déierewelt ergëtt wuel déi witzegst Zeenen, wéi wann ee vun den zwee Kleederschief virun engem Kazebëbee ganz gaga gëtt. Witzeg ass d’BD awer net. Si deet een elle fillen, och wann de Fanger ni direkt op de Lieser gewise gëtt.

Een éierleche Portrait vun der condition animale

Wat den Zeechestil ugeet: D’Coco schafft mat Bläistëft a Bläistëftsfaarwen, heiansdo Stëfter - also déi Outilen, déi een och ënnerwee einfach a séier ka benotzen. D’Resultat si Momentopnamen. Hannert der Kannerbuchästhetik verstoppt sech awer grousse Stil an Technik.

Pauvres Bêtes: Voyage au coeur de la condition animale ass kee flotte Chrëschtdagscadeau. D’BD ass ganz kloer op Déierefrënn zougeschnidden an näischt fir d’Bomi, déi d’Gäns nach an den Uewe stécht. Pauvres bêtes hëlt sech och net fir, Moderater ze befriddegen. Hei gi keng Sametthändschen ugedoen. Hei wëll ee keen iwwerzeegen, deen nach ze iwwerzeegen ass. Dofir ass et een ze vill éierleche Portrait vun der condition animale a Frankräich. Hei gëtt den Déieren an d’Ae gekuckt. Hei ginn hir Gefiller, hir Perséinlechkeeten a Charakterzich gewisen. Also all dat, wou mir léiwer wechkucke wéilten.

Lauschterenplay_arrow