search
Invité am Moies-Magazin
|Andreas Hoppe
Den Andreas Hoppe, fréiere Ludwigshafener Tatort-Kommissar Mario Kopper, war mat sengem Buch "Die Hoffnung un der Wolf" rezent an der Nationalbibliothéik, op Invitatioun vun natur&ëmwelt.
Den Andreas Hoppe ass geléierte Schauspiller, war 22 Joer laang un der Säit vun der däitscher Actrice Ulrike Folckerts Kommissar am Fernsehkrimi Tatort Ludwigshafen, an huet elo seng Léift a säin Interessi fir Wëllef an engem Buch publizéiert, mat deem hien och momentan ënnerwee ass.
Den Dag, wou den Andreas Hoppe zu Lëtzebuerg gelies huet, hat d'Nathalie Bender Geleeënheet mam Berliner ze schwätzen. Iwwer Wëllef, Fernseefiguren a sizilianescht Iessen.
Uso 2. Deel:
um Enn vum 1. Deel vun desem Interview mam Andreas Hoppe huet hien vum Tatort als "e Ritterschlag" geschwat. No 22 Joer ass d'Ära Tatort Ludwigshafen fir den Andreas Hoppe eriwwer, am Gespréich mam Nathalie Bender bleiwen mer awer nach e Moment dobäi: