Fir un ze fänke schwätze mir awer iwwer d'Adventszäit, déi e Sonndeg, de 27. November ufänkt. Dobäi geet rieds iwwer den Adventskalenner, an och den Adventskranz.
E Samschdeg, den 26. November sinn an der Rockhal d'Researchers Days, déi vum Fond National de Recherche organiséiert ginn, wou dir dann emol en direct de Joseph Rodesch an d'Michèle Weber kënnt gesinn, déi ëmmer esou flott Experimenter an der Kannerkëscht maachen.
De Philippe Jeitz vum Naturmusée erkläert eis den Ënnerscheed tëscht Huesen an Kanéngercher.
An dann kënnt der selwer Musek maachen an zwar mat engem Launchpad, deen der op mimamu.lu fannt.