De Syvicol-President Emile Eicher deelt d'Meenung vum SNHBM-Direkter Guy Entringer net, datt Gemenge private Proprietäre géife "Kaddoen" maachen, wa se de Bauperimeter erweideren. Et misst een och Conditiounen an Oplagen erfëlle fir datt en Terrain viabiliséiert gëtt. De sougenannte Baulandvertrag, deen zënter dem 18. Mee als projet de loi géif virleien, géif dem Emile Eicher no déi Probleemer zu engem gudden Deel léisen.
Esou e "Baulandvertrag" géif de Gemengen nei Stellschrauwe gi fir méi Afloss op d'Entwécklung vum Wunnengsbau op hirem Territoire ze huelen. Zum Beispill kéinte Gemengen doduerch och Proprietäre forcéieren fir hir Terrainen ze viabiliséieren, sou den Emile Eicher.
D'Dalaie misste méi kuerz ginn
Et géif awer schonn eng Schwaachstell aus der Siicht vum Emile Eicher ginn.
"Allerdéngs an der Propos, do stinn zwielef Joer Maximum Viabilisatiounsdélai dran an de Creneau fir d'Konstruktioun duerno och nach véier Joer. Dat ass ganz ganz laang."
Wann een d'Delaie géif op d'Hallschent reduzéiere kéim een der Saach scho méi no, esou de Emile Eicher. Fir weider ze komme misst een engersäits d'Gemengen, mee anerersäits och privat Acteure mat an d'Boot huelen
"Dofir fannen ech déi Iddi vum Baulandvertrag guer net esou ofwegeg, well een jo do de Privatpromoteur dozou forcéiert ze investéieren. An da mengen ech kéim een ob béide Säite méi schnell virun."
Syvicol-President fuerdert Debat iwwer Wuesstum
De Problem vum bezuelbare Wunnraum wier dann och an engem méi breede Kontext ze gesinn, esou de President vum Gemengesyndikat Syvicol, selwer Buergermeeschter zu Klierf an CSV-Deputéierten.
"Den Haaptproblem, de mir am Wunnengsbau hunn huet éischter domat ze doe wat fir eng Wuesstemspolitik wëlle mir an dem Land hei. Wa mir d'Demande nach ëmmer esou uspornen andeem mer nach ëmmer méi Leit brauche fir eise Wuesstem ze animéieren, da kritt dir op der Offer- Säit natierlech net genuch Terrain schnell genuch erbäi mat der Konsequenz datt d'Präisser steigen. Ech mengen déi Diskussioun ëm de Wuesstem an d'Zukunftsrichtung vu Lëtzebuerg, déi muss gefouert ginn."