D'Devis vun der Regierung ass kloer: et muss méi a bezuelbare Wunnraum investéiert ginn. Mee eng Problematik bleift den Accès op Terrainen. Zwar soll iwwer de staatleche Spezialfong fir de Logement eng Bauland-Reserv opgebaut ginn, vun där och eng SNHBM soll profitéieren.
Mee nach wier Loft no uewen, sou de Guy Entringer: de Staat misst sech aner Moyene gi fir Terrainen opzekafen, sou datt een d'Sécherheet hätt, fir 500 Unitéiten d'Joer ze bauen amplaz vun 250. Dofir misst een elo schonn déi Terraine kafe fir an zéng Joer prett ze sinn.
Ausserhalb vum Perimeter kafen
Eng Pist ass fir den Direkter vun der SNHBM, datt déi ëffentlech Hand verstäerkt Terraine keeft, déi nach baussent dem Bauperimeter leien. Déi Terraine wieren nämlech nach ze bezuelen, anescht wéi "eng Baulück um Boulevard royal". De Staat wéilt jo och d'Präisser net zousätzlech ufeieren.
"Déi hunn haut ee Wäert vun Akerland, dat si 500-1.000 Euro den Ar. A wann de Staat da seet, ech well potenziell domat Bauland schafen, da kann een zB 10.000 oder 12.000 den Ar bezuelen. Da kritt de Besëtzer vill méi wéi 1.000, mee e kritt awer net Marchéspräis, wéi wann et 30.000 Euro wieren.
Et misst "absolut ophalen", datt Gemengen Terraine vu private Leit an de Bauperimeter setzen, seet de Guy Entringer, domat géif ee just "enorm Kaddoe" verdeelen.
Terrainen, déi net bebaut ginn
Fir datt Bauland net méi zeréckgehale ka ginn, misst een dem Guy Entringer no driwwer nodenken, eng Steier anzeféieren, "à voir ënner wéi enger Form".
Alternativ kann den Direkter vum SNHBM sech virstellen, datt Terrainen, déi zéng Joer net bebaut goufen, erëm aus dem Perimeter erauszehuelen.
"Ech weess, dat ass een heikelt Thema, mee eigentlech missten do aner Dreeungen, aner Schrëtt kommen. Well soss ass et nëmmen een Zouwuess vu Geld an et gëtt ëmmer méi wäert."
Wat déi geografesch Lag vun zukünftege Projet ugeet, sou hätt hie keng Preferenz, seet de Guy Entringer, a waart op Uweisunge vu staatlecher Säit.
Strategesch huet d'SNHBM virgesinn an Zukunft méi op bezuelbare Locatiounen ze setzen, den Taux an hirer Offer soll vu ronn 25 op 40 Prozent eropgoen.