arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Laurent Zeimet a Guy Frantzen
Mir froen de Beetebuerger Buergermeeschter an den LSAP-Gemengeconseiller mat wei enge Proposen si an d'Gemengewahlen ginn.
Christopher Lilyblad
D'"Assises de la coopération" versammelen all d'Acteuren aus dem Secteur. Den neie Direkter vum "Cercle de coopération" vertrëtt d'ONGen.
Gilles Roth (CSV) & Adèle Schaaf-Haas (déi Gréng)
De Buergermeeschter vu Mamer an d'Spëtzekandidatin vun der gréisster Oppositiounspartei diskutéieren iwwert Flüchtlingsstrukturen, Mobilitéit a Gemengefinanzen.
Yves Mersch
Mam Exekutiv-Direkter vun der Europäescher Zentralbank schwätze mer iwwert d'Wirtschaft an der Eurozon an d'Geld- an Zënsen-Politik vun der EZB.
Joëlle Elvinger an Alain Weins
De Reckbau vun der N7, d'Bautepolitik an d'Wunne fir déi Jonk sinn d'Theme bei der DP Buergermeeschtesch a beim LSAP Scheffe vu Walfer.
Monique Kuffer & Tom Faber
Mat den zwee Membere vum Réidener Gemengerot schwätze mer iwwert d'Entwécklung vu Réiden un der Atert als regionalen Zenter vum Kanton Réiden.
Roger Schauls
De Wollef ass zréck zu Lëtzebuerg. De Biolog vum Mouvement écologique schwätzt iwwert den Impakt op d'Ëmwelt an de Mënsch.
Christof Mann
Fir Leit déi duerch d'sozial Netz gefall sinn gëtt et an der Stad Lëtzebuerg puer Opfaangstrukturen. De Responsabelen schwätzt iwwert Aarmut an der Stad.
Laurent Loschetter
De Lëtzebuerger Geschäftsmann ass neie President vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7 nodeems d'Mandat vu senger Virgängerin net erneiert ginn ass.
Ralph Schroeder
Am Oktober geet déi nei zoue Sécherheetsunitéit zu Dräibur op. Mam neien Direkter vum Centre socio-éducatif de l'Etat geet et ëm d'Preparatioun.
Léon Gloden a René Sertznig
Iwwert d'Tanklager, d'Parkplazen an de Wunnengsbau zu Gréiwemaacher diskutéieren den CSV-Buergermeeschter an den DP-Gemengeconseiller.
Gilles Braas
De Lëtzebuerger Volleyballspiller wiesselt vu Walfer an déi däitsch Bundesliga.
Georg Mein
D'Uni kritt deemnächst en neie Recteur an d'Unisgesetz gëtt reforméiert. Doriwwer geet Rieds mam Doyen vun der geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit.
François Bausch
E Sträit tëscht Lux-airport an der staatlecher Fluchhafe-Verwaltung ANA kéint zu engem Streik féieren. Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister reagéiert.
Robert Scharfe
Mam Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Bourse schwätze mir iwwert d'Entwécklung vum Luxembourg Green Exchange, dee virun engem Joer lancéiert gouf.
![Nico Hoffmann](/legacy/images/20972/image-thumb__20972__100x100_focus_thumbnail/Nico%20Hoffmann.fa5bc8c7.jpg)