Invité:e vum Dag
Robert Scharfe
De Luxembourg Green Exchange op der Lëtzebuerger Bourse gouf virun engem Joer lancéiert. Et ass déi weltwäit éischt Plattform fir den Handel mat Wäertpabeieren, déi 100 Prozent gréng, sozial oder nohalteg sinn. Iwwert d'Halschent vun de gréngen Obligatioune weltwäit sinn zu Lëtzebuerg kotéiert. Wéi konnt Lëtzebuerg sech an deem Beräich als Pionéier a weltwäite Leader positionéieren? A wéi ass et mat de Kontrollen an der Zertifikatioun, fir sécher ze sinn, datt d'Projeten, an déi investéiert gëtt, och gréng a nohalteg sinn? Doriwwer schwätzt de Pierre Reyland mam Robert Scharfe, Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Bourse.