arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Monique Kuffer & Tom Faber
D'Gemeng Réiden un der Atert ass den administrativen, kommerziellen a finanziellen Zenter vum Kanton Réiden am Weste vum Land. Ma d'Populatioun ass an de leschte Jore manner séier gewuess, wéi een sech hätt kënnen erwaarden. An och d'Entwécklung vum Geschäftsliewen gouf an de leschte Joren zum Deel gebremst, mat Butteker, déi zougemaach hunn. Mam éischte Schäffen Tom Faber an der Gemengen-Conseillère Monique Kuffer schwätze mer iwwert d'Prioritéite fir déi zukünfteg Entwécklung vun der Gemeng.