arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Yves Mersch
D'Wirtschaft an der Eurozone wiisst méi wéi erwaart. D'Europäesch Zentralbank geet elo vun 2,2% Wuesstem fir dëst Joer aus - déi héchst Croissance zanter 2007. Trotzdeem huet d'EZB decidéiert, d'Zënsë weider op engem historesch nidderege Niveau ze loossen a, fir elo mol, näischt un hirer Geldpolitik ze änneren. Doriwwer schwätze mer mam Yves Mersch, Exekutiv-Direkter vun der EZB.