Fir déi, déi elo nach an d’Vakanz fueren an nach séier e puer Kiloen ofhuele wëllen, ass dat net esou einfach ëmzesetzen, well séier Regimmer brénge kee gesonden Erfolleg. Dofir besser: bewosst iessen, Beweegung déi Freed mécht - a Selbstakzeptanz amplaz vu Selbststress.
“Kuerzfristeg Regimmer bréngen zwar heiansdo séier Resultater, mee se sinn dacks kontraproduktiv. Wann ech meng sougenannte Bikinifigur an e puer Woche wëll erreechen, geschitt dëst: Ech verléiere Waasser a Muskelmass, ech gesi vläicht kuerz gutt aus, mee den éischte Cocktail oder den éischte Gang op de Buffet nom Regimm gëtt direkt duebel ugesat, well de Kierper sech op déi nächst Phas a Saache Kalorië preparéiert.
Wat ass also déi besser Strategie?
Kee Verzicht, mee eng bewosst Entscheedung fir e gesond Liewen. A virun allem, se fänkt net an der Kichen oder am Fitnessstudio un, mee am Kapp. Wann ee sech a senger Haut wuel fillt, ass een och prett fir de Bikini. Sief et elo nach am Summer oder méi spéit am Joer”, réit d’Ernärunsgberoderin Stéphanie Rosquin.
Quellen:
• DGE - Deutsche Gesellschaft für Ernährung (2024)
• UGB - Unabhängige Gesundheitsberatung (2025)