A ville Länner bedeit déi grouss Famill vu Lënsen, Bounen an Ierbessen nach haut d’Basis vun der Iesskultur. Mir léieren de Wäert vun de Leguminosen an enger gesonder nohalteger Ernärung besser kennen an entdecken hire villfältege Gebrauch vun der Entrée bis zum Dessert.
Wéi all Leguminose si Kicherierbesse wäertvoll Liewensmëttel, déi op eng flott an ofwiesslungsräich Fassong eis gesond Ernärung beräicheren.
Si gehéieren zu der Famill vun de Leguminosen a sinn e Konzentrat un Eewäiss, Ballaststoffer, Kuelenhydrater, Magnesium, Potassium, Antioxidanten. Si enthale praktesch kee Fett an och kee Salz. Duerch all dës wäertvoll Eegenschafte wierke se doduerch positiv op eis Gesondheet.
Kicherierbesse sinn ideal fir e gesonden Teller einfach a séier zouzebereeden, wéi e Couscous z. B. Probéiert mol manner Fleesch wéi gewinnt an duerfir méi Pois-chichen an de Couscous ze maachen. Op dës Manéier ass d’Ëmstellung op eng méi nohalteg Ernärung méi einfach.
Erklärunge vun der Ernärungsberoderin Lis Muller
Referenzen:
https://agriculture.gouv.fr/consultation-publique-projet-de-strategie-nationale-pour-lalimentation-la-nutrition-et-le-climat. (2025, 08)
https://ciqual.anses.fr
https://fr.wikipedia.org/wiki/Les_D%C3%A9lices_de_Tokyo
https://www.fao.org/newsroom/story/Nature's-nutritious-seeds-10-reasons-why-you-should-opt-for-pulses/fr
https://www.legume-sec.com/les-recettes
https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0308814624022854
https://www.ugb.de/lebensmittel-zubereitung/exotische-huelsenfruechte-vielfalt-aus-fernen-landen