A ville Länner bedeit déi grouss Famill vu Lënsen, Bounen an Ierbessen nach haut d’Basis vun der Iesskultur. Mir léieren de Wäert vun de Leguminosen an enger gesonder nohalteger Ernärung besser kennen an entdecken hire villfältege Gebrauch vun der Entrée bis zum Dessert.
Weltwäit ginn et ongeféier 500 verschidden Zorte Bounen, d’Pallett geet vun de roude Jadzukibounen aus Japan iwwer déi brong Borlottibounen aus Italie bis zu de südamerikanesche schwaarze Bounen. Wat fir e positiven Afloss se op eis Gesondheet hunn a wéi mir se op eng liichtverdaulech Fassong kënnen ausprobéieren, erkläert d’Ernärungsberoderin Lis Muller.
Tipps fir eng besser Verdauung:
Wäscht déi gedréchent Bounen a vill Waasser wärend 12 Stonnen a kacht se a vill Waasser mat Bicarbonate de soude mell. Dir kënnt se awer och direkt an der Dous kafen, schëtt just de Jus of a schwenkt se virum Gebrauch.
Gebraucht Kraider a Gewierzer, déi d’Verdauung verbesseren, Do sti jee no Iesskultur zur Auswiel eist traditionellt Bounekraitchen, Chili a Kümmel aus Latäinamerika, oder éischter Ingwer, Knuewelek a Piment, wéi et an den asiatesche Länner de Brauch ass.
Bei der Verdauung spillt och d’Textur vun de Leguminosen eng Roll. Wat se méi reng gemuel sinn, wat se méi liicht ze verdaue sinn.
Referenzen:
https://agriculture.gouv.fr/consultation-publique-projet-de-strategie-nationale-pour-lalimentation-la-nutrition-et-le-climat (2025, 08)
https://ciqual.anses.fr
https://fr.wikipedia.org/wiki/Les_D%C3%A9lices_de_Tokyo
https://www.fao.org/newsroom/story/Nature's-nutritious-seeds-10-reasons-why-you-should-opt-for-pulses/fr
https://www.legume-sec.com/les-recettes
https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0308814624022854
https://www.ugb.de/lebensmittel-zubereitung/exotische-huelsenfruechte-vielfalt-aus-fernen-landen