Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Deprez

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Jesuitten a Japan

Kuerz no der Grënnung am Joer 1534 sinn d'Membere vum Jesuitten Uerden op der ganzer Welt ënnerwee, fir friem Vëlker ze missionéieren.

Dem Josef Hader säi Regiedebut Wilde Maus

Dat witzegt an der Tragedie fannen, dat ass zënter Joerzéngten e fundamentalen Aspekt vum éisträichesche Kabarettist senger Aarbecht.

Great Restorations: Il Conformista

Dem Bernardo Bertolucci säi Gewënner vum Gëllene Bier op der Berlinale 1970 ass ee politeschen a psychanalyteschen Thriller. Very stylish.

Great Restorations: Il Conformista

Dem Bernardo Bertolucci säi Gewënner vum Gëllene Bier op der Berlinale 1970 ass ee politeschen a psychanalyteschen Thriller. Very stylish.

Silence vum Martin Scorsese

Den Italo-Amerikaner Martin Scorsese huet de bekannte Roman vum japanesche Schrëftsteller Shusako Endo adaptéiert.

Noces: eng aussergewéinlech Geschicht vun haut

Iwwer Zwangsbestiednesser, awer méi nach, iwwer Mënschen

Noces: Coup de Coeur vum radio 100,7

Extraiten aus engem Gespréich mam Cineast Stephan Streker a mam Schauspiller Sébastien Houbani

D'BAFTA's si verdeelt

Déi britesch Oscare goufe gëschter Owend (12.2.) zu London verdeelt.

Lëtzebuerg op der Berlinale: Barrage

D'Regisseurin Laura Schroeder presentéiert hiren 2. Long-Métrage an der Sektioun Forum.

Lëtzebuerg op der Berlinale: Barrage

D'Regisseurin Laura Schroeder presentéiert hiren 2. Long-Métrage an der Sektioun Forum.

Dräi nei Ausstellungen am Mudam

Eng Retrospektiv mat Skulpture vum Tony Cragg, "Timescape" vum Darren Almond, "Empire" vum Samuel Gratacap

Dräi nei Ausstellungen am Mudam

Eng Retrospektiv mat Skulpture vum Tony Cragg, "Timescape" vum Darren Almond, "Empire" vum Samuel Gratacap

"Singin' in the Rain" a Co.: top-aktuell a relevant

En Interview mat der Witfra vum legendären Dänzer a Choreograf Gene Kelly

Presentatioun vum Luxembourg City Film Festival

Deen neien Terrence Malick, de Ray Liotta fir unzepaken, an déi eng oder aner Schneekegkeet frësch vum Sundance oder der Berlinale

"Singin' in the Rain" a Co.: top-aktuell a relevant

En Interview mat der Witfra vum legendären Dänzer a Choreograf Gene Kelly

"Extreme Laugh" vum Ahmed Albasheer

"Extreme Laugh" ass d’Iwwerschrëft vum irakeschen Humorist Ahmed Albasheer sengem Programm am Kader vum "Festival Humour pour la Paix".

Frësch vun der Berlinale: "Django"

Den Ouverturesfilm vun de Berliner Filmfestpiller: "Django", e Film vum Étienne Comar