Kultur
Jesuitten a Japan
Mam Traité vu Tordesillas vun 1494 an dem Traité vu Sarragossa 1529 haten d'Spuenier an d'Portugisen d'Welt ënnert sech opgedeelt. D'Portugisen orientéiere sech a Richtung Indien an Asien an 1542 lant den éischten Europäer, de Portugis Fernão Mendes Pinto a Japan. Siwe Joer méi spéit kënnt deen éischte portugisesche Jesuit dohinner a preparéiert d'Missionéirung vum Land. De Versuch, dat japanescht Vollek zum chrëschtleche Glawen ze bekéieren, ass awer net reusséiert. De Martin Scorsese gräift genee dëst Thema a sengem neie Film "Silence" op an d'Martine Reuter proposéiert e kuerzen historeschen Iwwerbléck.