arrow_back_ios
Kultur
Great Restorations: Il Conformista
Am Kader vun hirem Filmzyklus "Great Restorations" steet de 15. Februar "Il Conformista" op der Affiche vun der Cinémathéik. E politesche Thriller vum Bernardo Bertolucci aus dem Joer 1970, deen op d'Zäit vum Faschismus zréckkuckt. Op eng spannend Manéier bréngt hien d'30er Jore mat där Zäit, wou de Film entstanen ass, zesummen. A sprécht eis onbedéngt och haut un. D'Cléo Thoma mat Hannergrënn.