arrow_back_ios
Kultur
Noces: Coup de Coeur vum radio 100,7
Am Utopia leeft "Noces", e Coup de Coeur-Film vum radio 100,7. Déi lëtzebuergesch Co-Produktioun, mat Tarantula, erzielt vun enger Famill vu pakistaneschen Immigranten an der Belsch, déi eigentlech gutt integréiert ass. Trotzdem gëtt si duerch de Konflikt tëschent deenen zwou Kulture getraff. Nämlech dann, wann d'Meedche sech bestuede soll. De Realisateur Stephan Streker an den Haaptacteur Sébastien Houbani ware fir d'Avant-Première op Lëtzebuerg komm. D'Cléo Thoma huet mat hinne geschwat.