Radioen

On air

Notturno  |  Lata Gouveia - Radio Night

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

"Moi, Nojoom, 10 ans, divorcée"

D'Cinemathéik invitéiert op d'Projektioun vun engem remarkabele Film, souwéi uschléissender Diskussioun iwwert Fraerechter.

"20 ans d'acquisitions" am MNHA

"20 Joer lëtzebuergesch Konscht Acquisitiounen tëscht 1996 an 2016": dat si 34 Wierker vun 20 Kënschtler an der "salle Wiltheim" vum MNHA.

D'Stater Theateren entwéckelen sech weider

Dem Direkter Tom Leick ass sech no zwee Joer bewosst ginn wou hien seng Marke an de Stater Theateren ka setzen a wat et ka weider entwéckelen.

Album vun der Woch: Sophia Kennedy - Sophia Kennedy

E maîtriséierten éischten Disque vun enger jonker Musékerin ass eisen Album vun der Woch.

Album vun der Woch: Sophia Kennedy - Sophia Kennedy

E maîtriséierten éischten Disque vun enger jonker Musékerin ass eisen Album vun der Woch.

"Moi, Nojoom, 10 ans, divorcée"

D'Cinemathéik invitéiert op d'Projektioun vun engem remarkabele Film, souwéi uschléissender Diskussioun iwwert Fraerechter.

E puer Stëmmen aus Saint-Malo

E klengen Echatillon vun de Gespréicher mat de Schrëftsteller Luis Sepulveda, Marcus Matlte an d'Négar Djavadi.

E puer Stëmmen aus Saint-Malo

E klengen Echatillon vun de Gespréicher mat de Schrëftsteller Luis Sepulveda, Marcus Matlte an d'Négar Djavadi.

Etonnants voyageurs - de Literaturfestival zu Saint-Malo

Kultur, Migratioun, Demokratie - an de Mënsch matzen dran - dat sinn di grouss Themen vum Festival dëst Joer iwwer de Päischtweekend.

Etonnants voyageurs - de Literaturfestival zu Saint-Malo

Kultur, Migratioun, Demokratie - an de Mënsch matzen dran - dat sinn di grouss Themen vum Festival dëst Joer iwwer de Päischtweekend.

Äddi Claus Peymann-Bonjour Oliver Reese

No 18 Joer als Chef um Berliner Ensembel geet d'Ära Claus Peymann op en Enn. De neien Intendant Oliver Reese huet seng éischt Saison presentéiert.

Äddi Claus Peymann-Bonjour Oliver Reese

No 18 Joer als Chef um Berliner Ensembel geet d'Ära Claus Peymann op en Enn. De neien Intendant Oliver Reese huet seng éischt Saison presentéiert.

Intro_ am Engel

De Kulturministère wëllt sech vu senger kreativer Säit weisen a lancéiert de Cycle "Intro_" am Konschthaus beim Engel.

Ass de Penis Schold um Klimawandel?

2 amerikanesch Fuerscher hu gewisen, datt politesch gewënscht Resultater a moderne Fachjargon dozou verleeden, Scharlatanen net ze enttarnen.

Intro_ am Engel

De Kulturministère wëllt sech vu senger kreativer Säit weisen a lancéiert de Cycle "Intro_" am Konschthaus beim Engel.

E Lëtzebuerger Kënschtlerbarometer

Wéi bekannt sinn eis Kënschtler/innen?

E Lëtzebuerger Kënschtlerbarometer

Wéi bekannt sinn eis Kënschtler/innen?

Ass de Penis Schold um Klimawandel?

2 amerikanesch Fuerscher hu gewisen, datt politesch gewënscht Resultater a moderne Fachjargon dozou verleeden, Scharlatanen net ze enttarnen.

Album Bespriechung: Bonnie Prince Billy - Best Troubador

Eng lëfteg Merle Haggard Tribute Plack vum enigmatesche Will Oldham

"Followen" als Konschtform

De "Follower" vum virtuelle Raum an d'Realitéit transposéieren: d'Kënschtlerin Lauren McCarthy suivéiert hier Friemer. Och zu Lëtzebuerg.