Kultur
"Moi, Nojoom, 10 ans, divorcée"
D’Union Internationale des Avocats organiséiert den 8. Juni, zesumme mat enger Rei Partenairen, ee Colloque zum Thema: “Statut de la femme et l’état de droit”, am Cercle Cité. Hei intervenéiert ënner anerem déi jemenitesch Cineastin Khadija Al-Salami. Den Owend virum Colloque ass si Invitée an der Cinemathéik. Si kënnt do hire Film virstellen, “Moi, Nojoom, 10 ans, divorcée”: deen éischte jemenitesche Film iwwerhaapt, vun enger Fra gedréint, iwwert ee Sujet deen interpelléiere muss. Statistike no géifen eng 50% vun de jemenitesche Meedercher, ier se 18 Joer al sinn, zwangsbestued, a 15% hätten zum Zäitpunkt vun hirem Mariage arrangé manner wéi 15 Joer. De Film vun der Khadija Al-Salami baséiert op engem Erfahrungsbericht vun enger jemenitescher Teenager, deen zu engem Bestseller gouf. Mä och d'Cineastin selwer ass betraff: am Alter vun 11 Joer gouf si vun hirem Monni gezwongen, een däitlech méi ale Mann ze bestueden. Och si hat de Courage, op d'Geriicht ze goen, a konnt sech scheede loossen. "Moi, Nojoom, 10 ans, divorcée" ass, iwwert den Interêt vu sengem Sujet eraus, een exzellente Film, seet den Direkter vun der Cinemathéik.