Kultur
Äddi Claus Peymann-Bonjour Oliver Reese
Den Berliner Ensembel gëtt och gären dem Bertolt Brecht-Theater genannt. 1954 huet de Brecht den Ensembel am Theater um Schiffbauerdamm zu Berlin gegrënnt. De Berliner Ensembel huet eng grouss Vergaangenheet, vill grouss Nimm si mat dësem Theater verbonnen: Vun Helene Weigel, iwwer Heiner Müller, George Tabori bis bei de Claus Peymann. 18 Joer laang stoung deen bal 80-Järegen Claus Peymann un der Spëtzt vum Berliner Ensembel, elo geet d'Ära Peymann op en Enn. Neien Intendant ass den Oliver Rees, an deen elo seng éischt Saison presentéiert.