arrow_back_ios
Kultur
Etonnants voyageurs - de Literaturfestival zu Saint-Malo
Et ass ëmmer de Mënsch an di aktuell politesch Entwécklung op der Welt, déi am Mëttelpunkt vun dësem bedeitende Literaturfestival stinn. Honnerte vu Schrëftsteller vum ganze Globus kommen dräi Deeg an der bretonescher Festungsstad zesumme fir hier Literatur virzestellen an d'Themen ze diskutéieren, déi d'Welt beweegen. D'Valerija Berdi ass fir eis op Saint-Malo gereest an erzielt en directe iwwer di éischt Andréck.