Radioen

On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Khadija Al-Salami: couragéiert Réalisatrice besicht Lëtzebuerg

Moi Nojoom, 10 ans, divorcée - Documentaire iwwer d'Schicksal vum jonke jemenitesche Nojoom suergt och zu Lëtzebuerg fir vill Opmierksamkeet

Den däitsche Bühneveräin géint Friemenhaass a Populismus

Den däitsche Bühneveräin, Verband vun Theateren an Orchesteren, wëllen eng kloer Positioun géint Friemenhaass, Populismus a Fake-News festleeën.

Vanessa Kayo: "Feignasse hyperactive"

D'franséisch Actrice an Humoristin Vanessa Kayo ass mat hirem One-Woman-Programm "Feignasse hyperactive" moar am "Showtime" zu Esch ze gesinn.

Konschtkapp-Lauschterstéck um radio 100,7

1973 ass déi éischt Konschtkapp-Opnam op der internationaler Funkausstellung Berlin als Sensatioun gefeiert ginn. Mee, wou sinn d'Käpp haut?

Een ëm Danz an Oper erweiderten TalentLab 2017

Déi éischt Editioun vum TalentLab huet eenzeg den Theater viséiert. Fir déi zweet Editioun koum elo nieft Theater, och nach Danz an Oper derbäi.

Enfant terrible vun de literaresche Roaring 20's: Dorothy Parker

Don't look at me in that tone of voice!

Kufa Urban Art Festival: Konscht am ëffentleche Raum zu Esch

De Sënn vum Kufa Urban Art Festival ass den ëffentleche Raum als Konschtlaboratoire ze notzen, fir en Dialog an en Echange ze féieren.

3 Engel fir den Engel?

D'Konschthaus beim Engel soll eng Vitrine fir d'Kreativzeen vu Lëtzebuerg ginn. 1. Volet vum Cycle "Intro_": Illustratioun an Zeechnung.

Nei Filmer

Den Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.

Claus Peymann, ee vun de leschte lénksorientéierten Theaterleit

Den Theaterregisseur Claus Peymann ass ëmmer en Theaterrebell gewiescht. Säi ganzt Liewe laang ass en amgaange fir den Theater ze streiden.

"20 ans d'acquisitions" am MNHA

"20 Joer lëtzebuergesch Konscht Acquisitiounen tëscht 1996 an 2016": dat si 34 Wierker vun 20 Kënschtler an der "salle Wiltheim" vum MNHA.

D'Stater Theateren entwéckelen sech weider

Dem Direkter Tom Leick ass sech no zwee Joer bewosst ginn wou hien seng Marke an de Stater Theateren ka setzen a wat et ka weider entwéckelen.