Kultur
Claus Peymann, ee vun de leschte lénksorientéierten Theaterleit
Zanter Joerzéngte scho suergt den Theaterregisseur an Nach-Intendant vum Berliner Ensembel, Claus Peymann net nëmmen op der Bühn fir d'Aktualitéit, mä och nieft de Bühnen. All déi aner géife sech léiwer mat hire Privatgeschichten an hiren eegenen Neurose beschäftegen. A se denken net drun, datt een als Theatermann och eng ëffentlech Missioun huet. En Theaterregisseur oder en Theaterdirekter muss sech no baussen artikuléieren, an et geet net, einfach an der Stuff hannert dem Uewen ze hocken, wéi dat bei de meeschte vu senge Kollegen de Fall ass, obwuel, esou de Claus Peymann, dat dacks och nëmmen aus purem Opportunismus geschitt.