arrow_back_ios
Kultur
Konschtkapp-Lauschterstéck um radio 100,7
Zanter 2015 ass den däitschen Stefan Krebs als Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg aktiv. Säi Spezialgebitt: hien ass Dokter an der Technologiegeschicht. Dat bedeit awer net, datt hien sech ausschliisslech mat der technescher Evolutioun beschäftegt; hien interesséiert vill méi den Afloss vun Technik op eist soziaalt Verhalen. Bei senge Recherchen ass hien op eng interessant Erfindung aus den 1970eger gestouss, déi hien zu enger Hörspillopnam motivéiert huet. Explicatioune Kerstin Thalau.