arrow_back_ios
Kultur
Den däitsche Bühneveräin géint Friemenhaass a Populismus
E Freideg an e Samschdeg kommen d'Memberen vum däitsche Bühneveräin, dem nationale Verband vun den ëffentlechen a privaten Exploitanten vun Theateren an Orchesteren zu Dresden fir hir Joersversammlung zesummen. Haaptpunkt op dëser Versammlung ass datt de Bühneveräin eng kloer Positioun géint Friemenhaass, Populismus a Fake-News wëll festleeën. An et geet do net nëmmen ëm déi artistesch Ausernanersetzung mat deen Themen, mä et soll zu engem ëffentlechen Dialog opgeruff ginn.