Radioen

On air

9 bis 1  |  Lola Young - Messy

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

D'Kënschtlerresidenz Canopée

Am Paschtoueschhaus am Pafendall bléist en neie Wand.

Klenge Bilan vu Reading Luxembourg

De Marc Rettel, den zefriddenen Organisateur vum Lëtzebuerger Stand op der Frankfurter Buchmesse, verréit wat zu Frankfurt geschitt ass.

Hält den David Wojnarowicz eis nuets wakreg?

An den 1980er war New York e Labo fir kënschtleresch Innovatiounen. Zum Beispill fir de Kënschtler an Aids-Aktivist David Wojnarowicz.

De Riichter a säi Procureur

"Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller", ass en neit Theaterstéck vum Guy Rewenig, dat an enger Mise en scène vum Frank Hoffmann am TNL gewise gëtt.

Fraen an Thai-Boxen

Ëmmer méi Meedercher a Fraen interesséiere sech fir Thai-Boxen, och hei zu Lëtzebuerg. Lauschtert dësen Extrait aus dem leschte B-Radio "Muay Thai".

Sex machina - Zur Zukunft des Begehrens

Wéi wäit huet den technologesche Fortschrëtt eis Sexualitéit scho verännert a wéi wäit wäert en dës an Zukunft nach veränneren?

CinEast: "Ech wollt d'Fraen net op hir Roll als Affer reduzéieren"

Déi kosovaresch Realisatrice Lendita Zeqiraj iwwer hire Film "Aga's House", Gewalt géint Fraen an d'Fräiheet, fir kënnen iwwer dat Gutt an dat Béist ze bestëmmen.

De Message muss weidergoen

D'Ginette Kolinka huet de Camp d'Extermination vun Auschwitz-Birkenau iwwerlieft. Si huet viru Schüler hir Liewensgeschicht erzielt. Et dierf net vergiess ginn.

Nei Filmer

Och dës Woch gëtt et e gutt gefëllte Kinosprogramm mat vill Ofwiesslung an engem ale Bekannten, dee sech a leschter Zäit am Kino éischter rar gemaach hat.

Jockey, eng Reprise

De Pitt Simon am Gespréich iwwer d'Stéck vum Guy Helminger a seng Roll.

"Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"

Déi hypnotiséierend Wierkung vun enger Ideologie - e beandrockenden Documentaire