Kultur
De Riichter a säi Procureur
"Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller" heescht dat neisten Theaterstéck vum Guy Rewenig, dat den Ament am Théâtre National an enger Mise en scène vum Frank Hoffmann ze gesinn ass. Et ass schonn dat zéngte Stéck vum Guy Rewenig, dat de Frank Hoffmann inzeenéiert. Lass goung et 1983 mat "Matzen am Wanter brennt de Wäibierg" an der Escher Kulturfabrik, bis eben elo "Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller". Et spillen de Marc Baum an de Jean-Paul Maes, e Procureur an e Riichter, déi am Riichter sengem Weekendhaische fir en Iesse beienee sinn. Detailer mam Jean Claude Majerus.