Kultur
"Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body"
Zanter 2008 ginn um zweetgréissten Filmfestival vu Lëtzebuerg, CinEast, all Joer am Oktober eng Abberzuel vu Filmer aus Osteuropa dem grousse Public gewisen. D'Filmer ginn a verschiddene Säll projezéiert an dëst Joer war och eng Virstellung an der Banannefabrik. "Yugoslavia, How Ideology Moved Our Collective Body" ass en Documentaire vun der serbescher Regisseurin Marta Popivoda. Masseperformancen hunn zum Bild vum Tito-Jugoslawien gehéiert, d'Popivoda huet se an dësem Film zesummegestallt, fir déi hypnotiséierend Wierkung vun der sozialistesch-kommunistescher Ideologie ze weisen. Valerija Berdi huet de Film gesinn.