Kultur
De Message muss weidergoen
D'Ginette Kolinka huet d'Konzenraltiounslagere vu Bergen-Belsen, Theresienstadt a virun Auschwitz-Birkenau iwwerlieft. No ganz ville Jore, an deene si net iwwer dës schro Zäit an hirem Liewen geschwat huet, huet d'Ginette Kolinka decidéiert, hiert Erlieftent weider ze ginn - an esou hiren Deel dozou bäizedroen, datt Atrocitéite wéi déi vun den Nazien ni méi solle geschéien. Lescht Woch war d'Ginette Kolinka am Stater Jongelycée fir eng Konferenz op Besuch. De Jean Claude Majerus huet déi 94-järeg franséisch Jüddin begéint.