Dem Heesprénger säi Bou ass futtigaangen. Elo kann hie keng Gei méi mat senge Kolleegen am Beetebuerger Park spillen ... Mee brauch hie wierklech säi Bou, fir kënne Musek ze maachen?
“Summerorchester am Beetebuerger Park” ass eng Geschicht aus dem Buch “12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten” vun der Sonja Bintener, erauskomm bei Éditions Phi. Illustréiert vun der Snejana Granatkina. Gelies vum Jean Bermes a realiséiert vum Fränz Hausemer fir de radio 100,7.