Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Des oeillets pour la révolution

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ Wéi kann ee waarmt Waasser kréien?

Wéi kann ee waarmt Waasser kréien?

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Salut Kanner! D'nächst Woch gëtt eng kuerz Woch, ech denken, datt der vill doriwwer net béiss sinn, mee firwat ass d'nächst Woch da méi kuerz? Wësst der et?.... Genee richteg, den nächste Donneschdeg ass en offiziell Feierdag, et ass de Lëtzebuerger Nationalfeierdag , deen all Joers um 23. Juni gefeiert gëtt. Vill Leit soen Nationalfeierdag, mee der kënnt awer och emol heiansdo aner Ausdréck héieren, wéi Groussherzog- oder Groussherzoginsgebuertsdag. Oder méi rar: Kinniksdag oder Kinneksgebuertsdag.

Wat feiert een dann deen Dag? Abee et feiert een dem Grand-Duc oder der Grande-Duchesse hire Gebuertsdag, jee no deem wien da grad Staatschef ass. Mee de Lëtzebuerger Nationalfeierdag war awer net ëmmer um 23. Juni, wa mer an der Zäit zeréckginn, wou de Kinnek-Groussherzog Wëllem den Éischten war, deen Nationalfeierdag bei eis de 24. Abrëll geluecht huet, och wann de Wëllem de 24. August Gebuertsdag hat. Bei sengem Nofollger de Wëllen den Zweeten gouf de Nationalfeierdag op deem sengem Gebuertsdag den 6 Dezember als Niklosdag gefeiert. Du koum de Wëllem den Drëtten a bei deem war bis 1859 de 17. Juni Nationalfeierdag.

Wat war dat en Duercherneen, denkt der iech wuel, mee et ass nach weider gaangen. Nodeems dat hollännescht an dat Lëtzebuerger Herrscherhaus auserneegaangen sinn, gouf an der Zäit vun de Nassau-Weilburger Monarchen de Nationalfeierdag ëmmer op hirem Gebuertsdag commemoréiert.

Wéi d'Grande Duchesse Charlotte dunn 1919 d'Soen hei am Land krut, ass den Nationalfeierdag op den 23. Januar gefall, net glécklech, well et war meeschtens kal matten am Wanter, an déi Zäite waren d'Wanteren nach anescht wéi haut, an och hire Fils, de spéidere Grand Duc Jean, hat am Januar Gebuertsdag.

Do wollte si awer eppes dogéint maachen, de 23. Dezember 1961 gouf an engem, wat se nennen Arrêté Grand Ducal, festgehalen den Nationalfeierdag vum 23. Januar op den 23. Juni ze verleeën, an de Grond war eenzeg an eleng d'Wieder, well et zimmlech sécher am Juni manner kal, gro an däischter ass wéi am Januar. An dësen Dag ass du bliwwen, och beim aktuellen Grand Duc Henri, an dat wäert och wuel bei deem sengem Fils Guillaume esou bleiwen, wann deen d'Successioun vu sengem Papp iwwerhëlt a Grand Duc gëtt.

De Virowend vun Nationalfeiederdag, also den 22. Juni gëtt normalerweis am ganze Land deels bis an d'Nuecht gefeiert, a besonnesch an der Stad ass um Virowend ëmmer e grousse Fackelzuch, e grousst Freedefeier, an um Nationalfeierdag selwer ass eng grouss Militärparad. Op alle Fall ass dat en Dag, wou iwwerall am Land Nationalhymn gespillt gëtt, dir kennt déi jo Kanner: "Ons Heemecht" An iwwerall wou de Grand Duc dann higeet, gëtt wann hien ukënnt, de Wilhelmus gespillt.

Voilà, dat ass also de Lëtzebuerger Nationalfeierdag, dee wéi dir elo héieren hutt, net ëmmer den 23. Juni war, op alle Fall wënsche mir iech e ganz schéinen Nationlfeierdag den nächste Donneschdeg.

An domat komme mir bei eis Experiment, dat nawell ganz gutt bei dat waarmt, jo esou guer gliddegt Wieder passt. D'Michèle Weber an de Jean Claude Majerus sëtze schonn am Studio ze schweessen, a si zwee wëllen iech haut erklären, wéi ee Waasser mat Hëllef vun der Sonnenenergie ka waarm maachen, a wéi dat am beschte geet.

An hei kënnt dir och op science.ku kucken, wéi ee Waasser mat Sonnenenergie ka waarm maachen.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden

Summerorchester am Beetebuerger Park

Summerorchester am Beetebuerger Park

Dem Heesprénger säi Bou ass futtigaangen. Elo kann hie keng Gei méi mat senge Kolleegen am Beetebuerger Park spillen ... Mee brauch hie wierklech säi Bou, fir kënne Musek ze maachen?
headphones

6 min

play_arrow
De Jos an de King Gangsta Buba Ti

De Jos an de King Gangsta Buba Ti

De Summer ass jo dacks och Zäit, an där Musiksfestivaller oder ganz speziell Concerten organiséiert ginn. Abee, dat ass an dëser neier Geschicht vum Jos net anescht.
headphones

34 min

play_arrow
De Mukami geet op d’Plage

De Mukami geet op d’Plage

Och fir de Mukami an de Pit ass elo Vakanz, obschonn de Mukami net richteg weess, wat esou eng Vakanz iwwerhaapt ass.
headphones

21 min

play_arrow
De Singsang an dat pickegt Déier

De Singsang an dat pickegt Déier

De Singsang huet déi schéinste Stëmm vun alle Villercher. Zoufälleg begéint hien engem komeschen Déier mat Picken um Réck. Wat kéint dat fir en Déier sinn?
headphones

8 min

play_arrow
De Joé op der Méiw

De Joé op der Méiw

De Joé ass an der Vakanz um Mier a léiert eng Méiw kennen, déi seng Hëllef brauch. Ganz erstaunt wëllegt hien an a flitt mat der Méiw an den Himmel. Kann dee klenge Jong hier wierklech hëllefen?
headphones

10 min

play_arrow
De Mukami an den Ouschterhues

De Mukami an den Ouschterhues

Och fir de Mukami an de Pit ass Ouschteren, awer de Mukami weess eigentlech net richteg, wat Ouschteren ass. Hie ka sech nëmme wonneren, wann hien dem Pit nokuckt, wat deen alles fir Ouschtere preparéiert.
headphones

22 min

play_arrow
Panda-Club-D'Dinosaurierskelett

Panda-Club-D'Dinosaurierskelett

D’Kanner vum Panda Club aus dem natur musée hunn eng weider flott Geschicht fir eis geschriwwen. D’Emma an d’Louane erzielen se. Et geet ëm d’Decouverte vun engem Dinosaurierskelett, a wat si dann domadder maachen.
headphones

6 min

play_arrow
De Jos an d'Ouschterrees op Roum

De Jos an d'Ouschterrees op Roum

Dëst Joer gëtt Ouschtere ganz besonnesch fir de Jos. Well d’Nonna hat déi super-duper-mega-genial Iddi mam Bopa Mario, dem Nora a mam Jos an déi éiweg Stad, jo, dir hutt gutt héieren, op Roum ze verreesen.
headphones

40 min

play_arrow
Panda Club: Äisbierin a Biberin

Panda Club: Äisbierin a Biberin

D’Kanner vum Panda Club aus dem natur musée waren nees aktiv an hu sech zesummegesat an eis flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen.
headphones

5 min

play_arrow
Dem Robert an dem Clara hir Weltrees

Dem Robert an dem Clara hir Weltrees

D’Kanner vum Panda Club aus dem Naturmusée waren nees aktiv a si hunn sech zesumme gesat an dir nees ganz flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen.
headphones

6 min

play_arrow
De Polarfuchs an de Wüstefuchs

De Polarfuchs an de Wüstefuchs

D’Kanner vum Panda Club aus dem Naturmusée hunn eng weider ganz flott Geschicht, déi se eis proposéieren, geschriwwen
headphones

5 min

play_arrow
De Mukami an d’Fuesent

De Mukami an d’Fuesent

Et ass alt nees um Mukami, deen der jo scho kennegeléiert hutt.
headphones

20 min

play_arrow
De Jos an déi aussergewéinlech Schnéinonna

De Jos an déi aussergewéinlech Schnéinonna

De Jos ass erëm um Dill. Et ass Wanter an de Jos deen ass immens begeeschtert well Schnéi läit a wat een do alles maachen kann.
headphones

45 min

play_arrow
De Mukami mécht en Experiment

De Mukami mécht en Experiment

Der hutt de Mukami jo scho kennegeléiert. De Pit krit de Mukami fir Chrëschtdag an zwar ass et eng Mëschung aus enger Kaz, engem Hond an engem Kanéngchen eben.
headphones

18 min

play_arrow
De Jos an déi krass Dännebamrevanche

De Jos an déi krass Dännebamrevanche

Wann de Bopa Mario a säi beschte Kolleeg Loulou eng Superrevanche-Missioun zesumme mam Roby Robocat aushecken, kann dat jo bal nëmme schifgoen, oder net?
headphones

38 min

play_arrow
De Mukami sicht d’Chrëschtkëndchen

De Mukami sicht d’Chrëschtkëndchen

De Mukami ass opgereegt. Wien ass eigentlech d’Chrëschtkëndchen a wéi kann hie sech sécher sinn, datt et déi richteg Kaddoe bréngt?
headphones

17 min

play_arrow
Am Dschungel

Am Dschungel

D’Kanner vum Panda Club aus dem Naturmusée waren nees aktiv a si hunn sech zesummen gesat an dir nees ganz flott Geschichten ausgeschafft a geschriwwen.
headphones

5 min

play_arrow
Déi éischt Kannerradionuecht um radio 100,7

Déi éischt Kannerradionuecht um radio 100,7

De 24 November hate mer eis éischt Kannerradionuecht op eiser Antenn. An dat war fir eis all en immens schéinen Radiosament, iwwert dee mer och immens frou an dofir wëlle mer iech alleguerten déi bei der Kannerradionuecht derbäi waren e grousse Merci soen
headphones

9 min

play_arrow
De Jos an déi Saach mam Roby Robocat

De Jos an déi Saach mam Roby Robocat

De Jos kennt dir jo scho méi laang aus der Kannerkëscht. Sief et dem Jos seng Aventurë fir Halloween a fir d’Fuesend, oder deemools, wou de Jos mam Bop Pastakinnek gouf.
headphones

33 min

play_arrow
“Asteroid Mission” am natur musée

“Asteroid Mission” am natur musée

Eng Ausstellung am natur musée iwwer d'Geschicht vun eisem Sonnesystem
headphones

19 min

play_arrow