Wärend der Kannerradionuecht haten d’Paule Rodesch an de Jean Claude Majerus déi aussergewéinlech Éier an enger Prouf vum Philharmoneschen Orchester derbäi ze sinn. Et war d’Prouf fir e ganz wichtegen a spezielle Concert mat Starbesetzung, an zwar mat der Dirigentin Alva Allegra an dem grousse Startenor Tullio Vibrato. Eis zwee Reporter waren immens opgereegt a si hunn och eng Héngerhaut kritt, wéi den Tullio Vibrato op d’Bün stolzéiert koum, fir déi berüümt Arie aus der Oper “Rigoletto” vum Giuseppe Verdi “La donna è mobile” zum Beschten ze ginn. Mee op emol huet ee komesch Geräischer héieren an dunn ass och eppes geschitt ... Mee wat ass da geschitt? Genee dat wäerte mir iech hei awer net verroden, dat gitt dir nämlech alles am Dan Tanson senger Geschicht “De Rigoletto Vodoo-Zauber” gewuer. A scho si mir matten dran ...
arrow_back_ios
Kannerkëscht
De Rigoletto Vodoo-Zauber
Lauschteren
play_arrow
headphones
24 min
Episoden
De Jos an den Tatzelwuerm
Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
Episod 6: Schnipp Schnapp!
Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
Episod 5: Eng Strëmp
Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
Episod 4: Et gëtt gekacht!
Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
Epsiod 3: Dinosaurier
Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
Episod 2: Grujeleg
Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren
Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
De Mukami an d'Bierger
Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht
Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek
Eng Nuecht an der Philharmonie
De Rigoletto Vodoo-Zauber
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt
D’Eloisa a seng Gei
Musek maachen op enger Schalimosflütt
Mir fabrizéieren eng Knupptut
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.