Léif Kanner, de Mukami aus dem Anja Di Bartolomeo senge Geschichten ass iech jo kee Friemen, dem Pit säin Déier dat hien sech gewënscht huet an och krut, a well de Pit net richteg wosst wéi en Déier e wéilt, ass de Mukami elo eng Mëschung aus enger Kaz, engem Hond, engem Kaweechelchen an enger Kanéngchen.
De Mukami ass am Fong ee ganz witzegen, häerzlechen a léiwe Patréiner, wann en der net esou vill géif stiichten. Knapps huet de Pit de Réck gedréint a scho rabbelt, rëselt oder kraacht et a schonn huet de Mukami eng gestëbst. Elo dann eng nächst Etapp am Mukami sengem Liewen, de Pit a seng Mamm maachen e Weekend zu Paräis an se huelen de Mukami mat an d’Stat vum Eiffeltuerm. Mengt der dat géif da riicht aus goen? Wann der wëllt gewuer da lauschtert elo “De Mukami zu Paräis” Vill Spaass.