Déi véier Kanner Agathe, Abbes, Bärbel a Charel ginn op grouss Aventure. An hirem klengen Duerf ass 1826 net esou vill lass - bis si gewuer ginn, datt op der Buerg iwwer dem Duerf e Fest ass a si sinn net agelueden! D’Frënn loosse sech esou munches afalen, fir datt och si mat um Fest derbäi ze sinn. Ob hinnen dat geléngt? Lauschtert eran!
Op der Buerg ass eng Une-Deux Produktioun a sechs Deeler fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7.