Kannerkëscht
Kann een d'Waasser vun engem Bam drénken?
6 min

Salut Kanner, éier mer am Kannereck vun haut bei d'Experiment vu Science.lu kommen, kann een nach emol u gëschter erënneren.
Gëschter, um 20. Mee, war nämlech de Weltbeiendag, en Dag, deen Vereenten Natiounen agesat hunn, fir ganz besonnesch op d'Wichtegkeet vun de Beie fir eis Liewen hin ze weisen. De Weltbeiendag gëtt et eréischt zanter 2018, also war gëschter eréischt dee fënneften Weltbeiendag.
Et ass bestëmmt net vu Muttwëll ze soen, datt et ouni Beie kee Liewe gëtt. Déi aussergewéinlech Leeschtunge vun de Beie suerge fir d'Iessen an d'Gesondheet vun eis Mënschen. Et gëtt wuel keen Déier, dat d'Entwécklung vum Mënsch esou laang scho begleet, wéi d'Bei. Dofir wann der Beie gesitt, loosst se roueg, well se maachen ganz, ganz vill fir Mënschheet.
An elo dann bei eis Experiment, dat mat Waasser ze dinn huet. De Joseph Rodesch ass elo direkt beim Jean Claude Majerus, a wéi et schéngt, wëlle si zwee elo d'Waasser vun engem Bam drénken.
Hei dann och de Link fir dëst Experiment op science.lu
Episoden

De Päiperleksclodi
Wéi schéin wier et dach nëmmen esou fléien ze kënnne wéi de Päiperlek, denkt sech de Clodi voller Bewonnerung fir dat klengt Déierchen, wéi et viru seng Nues flitt. Sollt säi Wonsch sech dann elo verwierklechen?

Déi gro Kaz an déi geheimnisvoll Dier
Eng aarm Stroossekaz ouni Numm ass op der Sich no enger waarmer Schlofplaz un engem kale Wanterdag. Si entdeckt eng geheimnisvoll Dier an engem alen Eechebam am Bësch. Wat kéint sech do hannendrun verstoppen?

Wantergeschicht: Dem Här a Madamm Schouster hire schéinste Chrëschtdag
Am Dan Tanson senger Wantergeschicht, déi der elo kënnt lauschteren, geet et ëm Schong. Well, wien ass dat, deen dem Här a Madamm Schouster déi schéinste Puer Schong bitzt?

Wantergeschicht: De Metty Wollef
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir Iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Metty Wollef.

Wantergeschicht: Den éischte Schnéi
D’Wantergeschicht vum Dan Tanson, déi dir elo an der 100,7-Kannerkëscht kënnt lauschteren, heescht “Den éischte Schnéi”.

Dem Bop seng Moulen
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

Et tockt beim Wanja an der Nuecht
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

De Roude Kueder
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.

D’Iess-Course
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Iess-Course.

D’Geschicht vum Schleek
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht steet e Schleek an eng Giraff am Mëttelpunkt.

D’Geschicht vun der Schwanzspëtzeschwammkap
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Schwanzspëtzeschwammkap.

D’Geschicht vum Igel an der Heck
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Schwanzspëtzeschwammkap.

De Kleesche kënnt!
Et wäerten, Land op, Land of, vill Kanner um Dill sinn, well et ass Niklosdag.

De Kapitän Mullebutz an de gëllene Plektrum
De Kapitän Mullebutz war op Besuch. Hien ass komm fir iech en neit Lidd ze sangen. Et war schonn alles prett, an do koum déi schrecklech Nouvelle: de Kapitän Mullebutz huet säi Liblingsplektrum, e gëllene Plektrum, net méi fonnt. Wat ass geschitt?

De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat
De Jos, de Bop an de Loulou hate sech jo e Roboter gebaut, de Roby Robocat, an deen ass bal zu engem Deel vun der Famill ginn. Mee elo, et ass schrecklech, de Roby Robocat ass verschwonnen. Gouf e gekidnappt? Et gouf Léisegeld gefrot.

Wéi eng Substanz ass et?
Stellt iech emol vir, dir hutt e klengt Dëppche mat engem wäisse Pudder dran, an dir wësst net, wat et ass. Wat da maachen? An eisem Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum FNR sech domat beschäftegt.

Wat ass eng Geheimschrëft?
Am Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum Luxemburg National Research Fund, dem FNR, en Experiment gemaach, wou et ëm eppes ganz Geheimes geet, nämlech eng Geheimschrëft.

Wéi mécht d’Police hir Enquête?
An der Kannerradionuecht wollten eis Kannerreporter vum Cycle 4.2 vun Trënteng um Policebureau zu Réimech gewuer ginn, wat d’Aarbecht vun der Police ass, wann eppes geschitt. Wann d’Police dann um “Tatort” ass, wat musse si da maachen?

Si Journalisten och Detektiven?
Fir d’Kannerradionuecht hu mir eis d’Fro gestallt, ob Journalisten a Journalistinnen net och e bësse wéi Detektive sinn. An deen, deen eis do wuel am beschte Ried an Äntwert stoe konnt, ass de Chefredakter vum radio 100,7, de Jean-Claude Franck.
