Radioen

On air

Simon Says  |  Flavonoids - Escape Feat. Righteous, Krs One & Dj Mercilless

play_arrow Live
arrow_back_ios

Liewensgeschichten

Haut oder Ni

headphones

15 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D’Céline ass Mamm vu véier Kanner, si an hire Partner Martin Denis kruten zweemol Zwillingen. Zimmlech iwwerrascht ware si bei der éischter Schwangerschaft an nach vill méi bei där zweeter vun der Nouvelle vun den zwee klenge Puppelcher am Bauch amplaz engem, virun allem well a béid Famille vun der Koppel guer keng Zwillingsgebuerte bekannt waren.
Nieft Babygléck a Wëndele wiesselen ass d’Céline weiderhi schaffe gaang an huet e Studium op der Uni ugefaangen.
D’Koppel gesäit sech haut als organiséiert Profien an engem organiséierte Chaos: Véier Kanner, e Mupp, kee Fernsee. D’Balance muss stëmmen an dat fir jiddwereen an der Famill, wou d’Wuert Fräiheet ganz grouss geschriwwe gëtt. Esou presentéiert sech déi jonk Famill.
Céline ass haut 31 Joer al a schafft am Lycée Ermesinde als Educatrice diplomée. An deem Lycée huet virun enger Rei Joren eng aner grouss Aventure vum Céline, deemools nach Schülerin, ugefaangen, nämlech eng grouss Weltrees! Iwwer dat alles verzielt si ...

Programm

Episoden