D’Sara Martin schwätzt an dëser Episod iwwer “eppes mat Schweppes“ an déi verschidde Variante vum Sproch, deen een als Kand méi dacks ze héiere krut, wann ee gefrot huet, wat et ze iesse gëtt. Fir déi eng ass de Sproch esou ofgeschloss, fir déi aner kënnt nach eppes hannendrun – an do geet et vu bis: … an Äppelkompott, … a Gebeess, … a Gromperenzalot, … a Méckefett gebroden. Nieft “eppes mat Schweppes“ geet et an der Episod och nach ëm änlech Spréch, déi am ale Luxemburger Wörterbuch dokumentéiert sinn.
arrow_back_ios
Wat s de net sees!
Eppes mat Schweppes
Lauschteren
play_arrow
headphones
12 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cally Kerschen