Setzt Iech un den Dësch a kuckt Iech d’Läffelsgeschier emol un – mam linguistesche Brëll op der Nues! D’Forschett kënnt aus dem Franséischen, d’Messer aus dem Däitschen. De Läffel och, mee do gouf awer scho méi drun hantéiert: Aus dem däitsche Löffel ass e lëtzebuergesche Läffel ginn. Eent zu eent iwwerholl oder verlëtzebuergescht? Wat fir eng Fäll kann een am Lëtzebuergesche begéinen? A gëtt et eng Upak, fir et ëmmer “richteg“ ze maachen? Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch presentéiert e puer esou Fäll an deelt seng Gedanken iwwer dës Froen.
arrow_back_ios
Wat s de net sees!
Vu Muttergottessen a Wollekekrazerten
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cally Kerschen
Episoden
Elo nei: Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch!
D’Josiane Boever stellt eng fuschnei Publikatioun iwwer d’Liicht Sprooch Lëtzebuergesch vir.
Ech, de Jëwwi a meng Wéinegkeet
D’Sara Martin vum ZLS erzielt an dëser Episod, wat et mat Ausdréck wéi "de Jëwwi“ a "meng Wéinegkeet“ op sech huet.
Idiolekter: Jiddereen huet een
Keng zwou Persoune schwätze genee d’selwecht. Jiddereen huet säin eegenen Idiolekt, also eng eegen Aart a Weis fir ze schwätzen, erkläert d’Sarah Muller an dëser Episod.
Vun „Taschenueren“ a „Kratzeren“
An dëser Episod gitt Dir vum Daniel Wagener gewuer, wéi eng Roll sproochlech Date fir d’Kënschtlech Intelligenz (KI) spillen.
Vu Buschtawenzopp, Héngerbritt a Gazpacho
An dëser Episod zerwéiert d’Isabel Andrade Bento e puer linguistesch Schlabäizercher a schwätzt iwwer Zoppen, déi hire Wee an den LOD fonnt hunn.
Vu Muttergottessen a Wollekekrazerten
Verschidden däitsch Wierder ginn eent zu eent am Lëtzebuergeschen iwwerholl, anerer gi verlëtzebuergescht. „Gëtt et do eng Linn?“ huet den Alexandre Ecker sech gefrot.
De Léiw oder de Léif? Eng haart Noss … oder net?
D’Josiane Boever presentéiert an dëser Episod en einfachen Trick, fir kniwweleg Wierder wéi “Schmadd“, “Léiw“ a “Kierb“ ëmmer richteg ze schreiwen.
Lues, d’Miissi mécht grad eng Dada!
D’Nathalie Entringer schwätzt iwwer Miissien, Brummbrummen an Dadaen.
Räifränsch a Rulänner: e sproochleche Bléck op d’Riefzorten
Den Armand Becker schwätzt haut doriwwer, wéi déi verschidde Riefzorten op Lëtzebuergesch heeschen.
Autoantonymmen (Januswierder)
D’Isabel Andrade Bento erkläert, wat Autoantonymmen (Januswierder) sinn.
Homonymmen, Homofonen an Homografen an der Lëtzebuerger Sprooch
Et geet ëm Wierder, déi d’selwecht ausgeschwat respektiv d’selwecht geschriwwe ginn, awer ënnerschiddlech Bedeitungen hunn.
Neologismussen am LOD
Nodeems an enger viregter Episod iwwer d’Neologismussen am eelere Luxemburger Wörterbuch geschwat gouf, kuckt mir hei, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire dozou verréit.
Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch
D’Sara Martin erkläert, wat sech hanner dem Term “Neologismus“ verstoppt, an huet eng ganz Partie Beispiller aus dem LWB matbruecht.
"Mammesprooch“
Fir den internationalen Dag vun der Mammesprooch den 21. Februar hëlt d’Sarah Muller de Begrëff "Mammesprooch“ ënner d’Lupp.