Frësch Solen, Moules marinièren, Cocktail aux crevettes grises, bei deem Menu brauch een net laang ze roden: mir sinn op der belscher Plage. Si sinn eis Liblingsplaten an der Vakanz. An dëser Emissioun gesi mir, wéi mir solle Fësch a Mieresfriichte richteg eraussichen. Eng gutt Wiel fir eis eege Gesondheet an déi vum Planéit.
"Fësch a Mieresfriichte si räich un héichwäertegem Eewäiss a Fett, Jod a Spuerenelementer. An der gesonder Ernierung gëtt recommandéiert zweemol d’Woch Fësch ze iessen. Frësche Fësch ass kriddeleg, duerfir nom Akaf direkt an eng Killtäsch maachen, fir datt en och bis doheem frësch bleift.
Och wann en e bësse méi deier ass, wielt éischter e Fësch péché à la ligne wéi au chalut, bei deem d'Fësch mat Schleppnetzer gefaange ginn, vill Beifang ass a kostbar Liewensräim zerstéiert ginn.
Grad wéi Uebst a Geméis gëtt et och bei de Fësch a Mieresfriichten eng Saison. E Fësch, deen an der Saison ass, huet eng optimal Zesummesetzung an e gudde Geschmaach. Et gëtt och ausserhalb der Läichzäit gefaangen, dat ass wichteg fir de Bestand vun de Fësch ze schützen. Elo am Summer sinn zum Beispill Makréil, Lotte, Colin oder Sardinnen an der Saison.
Fir Wëllfësch a Fësch aus Ziichtereie ginn et Sigelen, Marine Stewardship Council, kuerz MSC genannt, an ASC, dat steet fir Aquaculture Stewardship Council. Si garantéieren eng ëmweltfrëndlech Fëscherei, bei där d’Ressourcen aus de Mierer, Séien a Flëss geschount ginn". Esou de Rot vun der Ernärungsberoderin Lis Muller
Referenzen:
Ducasse, A., & Neyrot, P. (2011). Nature simple, sain et bon / Mers et océans pêche responsable. Alain Ducasse
https://asc-aqua.org/about-asc
https://www.msc.org/for-teachers/teach-learn-about-ocean-sustainability
Orieux, G. (2025). Cuisiner la mer - Editions de la Martinière
Santé, C. S. (2025, juin 17) https://www.hgr-css.be/fr/avis/9805-9807/recommandations-alimentaires-pour-la-population-belge-2025