Am Alter geet d'Duuschtgefill zeréck, d'Niere schaffe manner effizient - d'Gefor vun Deshydratatioun wiisst. Schwindel, Kappwéi sinn ënner anerem Warnzeechen. Reegelméisseg a kleng Portiounen drénken, Gedrénks ofwiesslungsräich gestalten an eng sichtbar Erënnerung hëllefen.
Genuch Flëssegkeet schützt Kapp, Häerz a Standfestegkeet - besonnesch am Summer.
Informatioune vun der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
Quellen:
• Deutsche Gesellschaft für Ernährung (DGE) - Flüssigkeitszufuhr im Alter
• Hooper L. et al. (2015): Hydration and health in older adults (British Journal of Nutrition)
• EFSA (European Food Safety Authority) - Water Intake Recommendations