Am Summer brauche Kanner Snacken, déi gläichzäiteg erfrëschen an närstoffräich sinn. Hausgemaachte Waasserglace, Smoothien oder Nicecream aus frëschem Uebst bidden eng gesond Alternativ zu gezockerten Industrieproduiten. D’Kanner kënnen hir Glace selwer gestalten - dat mécht Spaass an ass gesond. Perfekt fir de Summer.
Wat kann ech mengem Kand ginn, dat séiss, erfrëschend an awer gesond ass?
Amplaz vun Zockerbomme mat kënschtlechen Aromaen, kënnt Dir Smoothien, frëschgepresste Jus, Jughurt oder püréiert Uebst a Glacëformen afréieren. Zum Beispill:
- Mango a Banannen an e bëssen Zitrounejus
- Äerdbieren an Naturjughurt
- Waassermeloun
Smoothië si souwisou Summerhelden. Si si Snack a Gedrénks anengems, an Dir kënnt esouguer e bësse Geméis drënner mësche fir den Zockergehalt ze limitéieren:
- Spinat mat Mango
- Muert mat Äerdbier
- Avocado mat Banannen
Eng kleng Glace
Einfach eng Banann ouni Schuel afréieren an dann duerno mat e bësse Mëllech a Kakao püréieren.
Esou Snacken ersetze keng Haaptmolzecht, mee si wäertvoll kleng Närstoff-Boosteren, déi haaptsächlech hëllefe Flëssegkeet ze liwweren.
Explikatioune vun der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
Quellen:
• https://www.bzfe.de
• Essensspaß für kleine Kinder: Über 90 schnelle Rezepte - So schmeckt’s auch Gemüsemuffeln
Edith Gätjen (2012). Essensspaß für kleine Kinder: Über 90 schnelle Rezepte - So schmeckt’s auch Gemüsemuffeln. TRIAS Verlag
• Lottas Lieblingsessen: Vollwertig und bunt - Über 110 Rezepte, die kleine Kinder lieben
Edith Gätjen (2023). Lottas Lieblingsessen. Trias Verlag. 2. Auflage, 144 S.