Gutt Vibes um Summerdësch
Iesse mat Kanner ass net ëmmer entspaant - mee et ass voll mat Momenter fir ze léieren, ee vun deem aneren: iwwer Bezéiung, Vertrauen an Autonomie. Wat mol wierke ka wéi Chaos um Dësch, ass a Wierklechkeet eng wichteg Entwécklungsphas.
Individualitéit an Entwécklungsetappen vun de Kanner gëllt et ze respektéieren
Et geet ëm emotionalen Honger, entspaante Presenz an dat richtegt Mëschen aus Struktur, Autonomie a faarwegem Geméis. Ganz ouni Drama - bal.
Jiddweree kritt en Dessert. Bestrofe gehéiert net op den Iessdësch
Elteren erwaarden, datt Kanner propper iessen, déi richteg Quantitéiten, mat Freed, Interêt a gesond. Kanner wëlle grad de Contraire vun deem, wat si sollen.
Wann d’Kand Iech vu sengem Teller e Stéck Gromper ze schmaache gëtt, ass dat net nëmme mega léif - dat ass e klore Vertrauensbeweis. Si testen, ob hiert Iesse sécher ass. Kanner iessen ëmmer a Relatioun.
Wéi Kanner iessen, wat si brauchen a firwat Perfektioun do näischt ze sichen huet, ass Theema an dëser Episod.
Aus Chaos gëtt Zesummenhalt. Informatioune vun der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
Quellen:
• McGale, L. S., Smits, T., Halford, J. C. G. & Harrold, J. A. (2020). The influence of front-of-pack portion size images on children's serving and intake of cereal. Pediatric Obesity 15(2), e12583
• Edith Gätjen (2012). Essensspaß für kleine Kinder: Über 90 schnelle Rezepte - So schmeckt’s auch Gemüsemuffeln. TRIAS Verlag. ISBN 978-3 8304 6055 8
• Mit Kindern essen: Ein Ratgeber für entspannte Familienmahlzeiten
Edith Gätjen (2016). Mit Kindern essen. Verbraucher-Zentrale NRW ISBN 978-3 86336 061 0
• Das geniale Familien-Kochbuch
Edith Gätjen (2020). Das geniale Familien-Kochbuch. Trias Verlag 220 S ISBN 978-3 432 10308 2
• Tischgespräche - Das systemische Konzept in der Ernährungsberatung
Edith Gätjen (2019). Tischgespräche - Das systemische Konzept in der Ernährungsberatung. (Verlag: UGB / Trias)