Physik ass relax
Gesinn a gesi ginn!
16 min
Am Verkéier gi Vëlosfuerer a Foussgänger siichtbar wa si Fluo-Kleedungdeeler droen.
Dës liichten op wann d'Luucht vun Autospharen op si geriicht ass, besonnesch géint der Owend an an der Däischtert.
An der Disco liichte Kleeder dacks grell wäiss. Braceleten op Concerten a Knickliichtstief liichten nach Stonne laang an d'Nuecht eran.
Begrëffer wéi Lumineszenz, Fluo - a Phosphoreszenz ginn oft benotzt. Wat hunn si gemeinsam? Wat ënnerscheet se? Gëtt et Uwendungen an der Technik a Virkommen an der Natur?
D'Carol Eicher ass am Studio a beweist nees dass Physik relax ass.