Radioen

On air

Notturno  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

Philo am Gespréich

search / Philo am Gespréich

/ Philosophie a Medien

Philosophie a Medien

headphones

51 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Medien: quasi ëmmer present, mee wat awer trotzdeem ganz schwéier ze gräifen. Medie benotze mir gewollt oder ongewollt all Dag an a ganz villfältege Formen. D’Nora Schleich geet der Fro op de Gronn, wat "e Medium" eigentlech ass, a wéi wäit de Mënsch Medie schaaft - a selwer och duerch si gepräägt gëtt. Déi digital Welt huet do nach eemol méi geännert, mat imposante Konsequenze fir d'Verstoe vun eis an eiser Welt. Den Invité ass de Misch Strotz, Matgrënner vu LetzAI an Neon Internet.

Episoden

Philosophie a Medien

Philosophie a Medien

Medie si quasi ëmmer present an trotzdeem schwéier ze gräifen.
headphones

51 min

play_arrow

Philosophie a Relioun

Mam Louis Berger (Redakter vu Kirche & Leben, Münster) schwätzt d’Nora Schleich ë. a. doriwwer, wat Relioun eigentlech ausmécht a wéini den einfache Glawen zur Relioun gëtt.
headphones

53 min

play_arrow
Philosophie a Politik

Philosophie a Politik

D'Politik ass dës Kéier am Studio fir sech philosophesch ze hannerfroen, an dëst a Persoun vu kengem anere wéi dem Jean-Claude Juncker
headphones

49 min

play_arrow
Philosophie a Schoul

Philosophie a Schoul

D'Konzept Schoul am Mëttelpunkt: Wat ass Schoul? Wat soll se sinn, huet si ee politeschen Optrag? Oder awer een anthropologeschen?
headphones

54 min

play_arrow
Philosophie a Konscht

Philosophie a Konscht

Mat der Nora Wagner, fräischaffend Kënschtlerin, gëtt diskutéiert, wéini et iwwerhaapt ëm Konscht geet, wat dat fir eis bedeite soll an a wéi enge Formen eis eppes als Konscht uschwätze kann.
headphones

51 min

play_arrow
Philosophie an Natur

Philosophie an Natur

Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, gëtt diskutéiert.
headphones

48 min

play_arrow
Philosophie a Spill

Philosophie a Spill

Wat bedeit Spille fir eist Mënsch-Sinn, a wéisou ka behaapt ginn, datt eis Kultur aus dem Spillen entstanen ass? Am Gespréich mam Erik Eschmann, dee faszinant Perspektiven zum Theema Spill matbréngt.
headphones

52 min

play_arrow
Philosophie a Psychiatrie

Philosophie a Psychiatrie

Wéivill huet Psychiatrie mat Philosophie ze ginn? D’Nora Schleich diskutéiert mam Psychiater Paul Rauchs iwwer d’Wëssenschaft vum Geescht, Wahn, Muecht an dat Béist.
headphones

50 min

play_arrow