Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

Philo am Gespréich

100komma7.lu / Philo am Gespréich

/ Philosophie a Schoul

Philosophie a Schoul

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Jorelaang sëtze mir zesummen an der Schoul - dat wierkt wéi selbstverständlech. Wien net an d'Schoul gaangen ass, schéngt spéider keng Chance ze hunn. Mee wat ass déi Schoul iwwerhaapt? Wat soll se sinn, huet si ee politeschen Optrag? Oder awer een anthropologeschen? Onofhängeg vun den edele Bildungsidealer vum 18. Joerhonnert - jiddweree soll sech zu senger Persoun bilde kënnen - stellt Philo am Gespréich hei ganz konkret d'Konzept Schoul an de Mëttelpunkt.
Mam Philippe Demart, Schoulmeeschter an an der Direktioun vum Lycée Ermesinde täteg, stellt sech d'Fro, wéisou d'Schoul an deem enke Cadrage, dee se haut bestëmmt, mat Notten, Programmer a Kompetenzpréifungen, ganz vill vun där Fräiheet fräiwëlleg anzebéisse schéngt, déi se awer eigentlech bräicht, fir ee liewegen Erfarungsraum ze sinn.

Kultur

Episoden