Radioen

On air

Spektrum  |  Thee Heart Tones - No Longer Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Philo am Gespréich

100komma7.lu / Philo am Gespréich

/ Philosophie a Konscht

Philosophie a Konscht

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An der Emissioun ass ëmmer nees en anere Liewensberäich zu Gaascht, dee philosophesch betruecht gëtt. Dobäi gëtt dacks séier kloer, datt ee villes guer net esou konkret bestëmme kann … an heiansdo ass et ebe grad déi substanziell Oppenheet, déi d’Schéinheet vun Erfarungen ausmécht. Ganz besonnesch trëtt dat bei der Konscht an.
Mat der Nora Wagner, fräischaffend Kënschtlerin, diskutéiert d’Nora Schleich, wéini et iwwerhaapt ëm Konscht geet, wat dat fir eis bedeite soll an a wéi enge Formen eis eppes als Konscht uschwätze kann. Dozou ass sech d’Fro ze stellen, ob dat Heelsaamt an dat Beliewend an der Konscht net gebrach gëtt, wa Konscht zum Konsumobjet a monetariséiert gëtt - wou bleift dann d’Konscht als existenziell Liewensform?

Kultur

Episoden